Am Stade de France konnten d'Italiener ee fréie Réckstand dréinen a sech um Enn mat 3:1 duerchsetzen.

E Freideg den Owend stoung an der Nations League d'Suite vum 1. Spilldag um Programm. An der Liga A konnte sech am Grupp 2 Italien an d'Belsch déi éischt Victoire sécheren. An der Liga B gouf et ënnert anerem ee Remis tëscht Slowenien an Éisträich an och Wales an d'Tierkei hu sech d'Punkte gedeelt.

Liga A

Frankräich - Italien 1:3
1:0 Barcola (1'), 1:1 Dimarco (30'), 1:2 Frattesi (51'), 1:3 Raspadori (74')

Nëmmen 13 Sekonnen nom Ustouss louch de Ball am Stade de France eng éischte Kéier am Gol. De Bradley Barcola konnt sech direkt de Ball vum Géigner huelen a virum Gianluigi Donnarumma op 1:0 setzen. No engem gudden Depart vun der Lokalekipp konnten awer och d'Italiener no an no an d'Partie fannen an an der 30. Minutt ausgläichen. Ee schéint Zesummespill iwwert e puer Statiounen huet de Federico Dimarco mat engem Volleyschoss mam 1:1 perfekt op en Enn bruecht.

De bessere Start an déi zweet Hallschent hat Italien erwëscht. Fënnef Minutten no der Paus war et den Davide Frattesi, deen ufanks als éischt de Ball selwer behaapte konnt an no enger flaacher Flank de Gol fir d'2:1-Féierung markéiert huet. Am weidere Spillverlaf war virun allem déi italieenesch Defense gefuerdert. Den Drock vun de Fransousen sollt allerdéngs kee Succès bréngen. Op där anerer Säit konnt den agewiesselten Giacomo Raspadori op 3:1 erhéijen an domat um Enn déi éischt dräi Punkten am Grupp 2 sécheren.

Belsch - Israel 3:1
1:0 De Bruyne (21'), 1:1 Castagne (36'), 2:1 Tielemans (48'), 3:1 De Bruyne (53')

De Favorit aus der Belsch hat vun Ufank un d'Kontroll iwwert de Match. Mam Gol duerch de Kevin de Bruyne war sou och no 21 Minutten déi verdéngt Féierung gefall. Duerno koum awer och Israel besser an d'Partie. Si hu selwer de Wee no vir gesicht an hunn domat och den Ausgläich erzwongen. No enger Flank wollt den Timothy Castagne de Ball klären, huet dobäi awer onglécklech an den eegene Gol getraff.

Nom Säitewiessel huet d'Belsch dann ee perfekte Start an déi zweet Hallschent erwëscht a konnt bannent siwe Minutten op 3:1 erhéijen. Dee Spillstand hu sech d'Diables Rouges net méi huele gelooss a sammelen domat déi éischt dräi Punkte fir hire Kont am Grupp 2.

Liga B

Kasachstan - Norwegen 0:0

Island - Montenegro 2:0
1:0 Oskarsson (39'), 2:0 Thorsteinsson (59')

Slowenien - Éisträich 1:1
1:0 Šeško (16'), 1:1 Laimer (28')

Wales - Tierkei 0:0

Liga C

Litauen - Zypern 0:1
0:1 Pittas (34')

Kosovo - Rumänien 0:3
0:1 Man (40'), 0:2 Marin (51'), 0:3 Marin (82')

D'Resultater vun der Nations League

Déi komplett Resultater, d'Tabellen an d'Statistike fannt Dir hei.

Ekippen