Hueschtert an d'Jeunesse trenne sech 0:0

© RTL / Felix Girst
Zum Optakt vum 6. Spilldag war e Samschdeg just ee Match ugesat.
Déi éischt Hallschent hat wéineg Héichpunkten. Vill Feeler an Zweekämpf hunn d'Partie dominéiert. D'Lokalekipp war beméit, de Match ze maachen, allerdéngs komme si net an de leschten Drëttel. D'Jeunesse stoung an hirer Hallschent an huet bis op eng geféierlech Aktioun vum Hueschterter Fernandes näischt zougelooss.
Och an der zweeter Hallschent sollten déi knapp 500 Spectateuren eng Partie ouni richtege Spillfloss a Golchancë gesinn. Déi eenzeg gutt Leeschtung hunn d'Escher Spectateure bruecht, déi hir Ekipp iwwer 90 Minutten ugefeiert hunn. Hueschtert hat wuel weider méi vum Match, mee d'Defense vum Rekordchampion huet gehalen.
Ënnert dem Stréch war et eng schwaach Partie, déi kee Gewënner verdéngt hat.
Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
US Hueschtert - Jeunesse Esch 0:0