Mamer verléiert Spëtzematch géint Ell

© RTL-Archiv
De Weekend war den 2. Spilldag am nationale Futtball-Championnat bei den Dammen.
Mamer verléiert de Spëtzematch géint Ell 1:2. Ell war an der 35. Minutt duerch d'Raty a Féierung gaangen, éier Mamer no der Paus duerch d'Palazzo ausgläiche konnt. D'Raty huet mat hirem zweete Gol an der 76. Minutt fir d'Decisioun gesuergt.
Am Duell vun den Opsteiger tëscht der Entente Housen/Norden a Waasserbëlleg gouf et kee Gewënner. Béid Ekippen trenne sech 1:1. Fir Waasserbëlleg war et den éischte Match an dëser Saison, well d'Spill géint de Racing wéinst dem Asaz vun der Stater Ekipp an der Champions League huet musse verluecht ginn.
De Champion Racing huet sech 3:0 zu Jonglënster duerchgesat, wärend Hesper kloer mat 6:2 bei der Entente Wuermer/Mënsbech/Gréiwemaacher gewonnen huet.
D'Resultat vum Match Dikrech géint Déifferdeng läit nach net vir.