An der zweeter Woch vun der National Football League gouf et déi eng oder aner Iwwerraschung.

An der Nuecht op e Freideg schonn hunn d'Bills op Miami bei d'Dolphins misste reesen. D'Bills hu grad den zweete Quarter dominéiert, mat 17:3, an hunn domadder d'Grondlag fir hir Victoire geluecht. An der Paus hate si domadder schonn eng Avance vun 24:10, déi se nach bis zum Schluss op 31:10 ausbaue konnten. Ganz batter fir Miami war awer net just dës Néierlag, mä och de Fakt, datt hire Quarterback Tua Tagovalloa eng weider Kéier eng Gehiererschütterung erlidden huet. Et ass schonn déi véierte fir de jonke Spillmaacher an aktuell gëtt an den USA an an den Kreesser vun der Experte vill spekuléiert, op den Tagovalloa seng Karriär elo un den Nol wäert hänken oder net.

D'Chiefs hunn e Sonndeg doheem op d'Bengals gewaart. An dëst sollt eng ganz eng Partie ginn. U sech huet d'Ekipp aus Kansas City am zweete Quarter d'Rudder ëmgerappt a sech d'Féierung geséchert, 16:10 ware si an der Paus vir. Ma d'Bengals hunn d'Partie nom Téi gedréit a konnte kuerz viru Schluss mat 25:23 a Féierung goen. De Patrick Mahomes wier awer net de Patrick Mahomes, wann him net 2 Minutten a 35 Sekonne géifen duergoen, fir nach op d'mannst säi Kicker an eng Positioun ze bréngen, fir e Fieldgoal ze maachen an de Match nees ze dréinen. Quasi mam Schlussgong ass dat dem Butker dunn aus 51 Yards gelongen, sou datt d'Chiefs 26:25 gewanne konnten.

D'NFC South gëllt aktuell als déi schwächsten Divisioun an der NFL. Wärend d'Panthers dat mat hirer 3:26-Néierlag doheem géint d'Chargers wuel ënnermauert hunn, hu sech déi aner dräi Ekippe géint potentiell besser Géigner deels ganz kloer duerchgesat. D'Buccaneers hu missten op Detroit fir hiren zweete Match fléien. An och wann d'Partie alles anescht, wéi perfekt gelaf ass, konnte grad am leschte Véierel, deen 0:0 ausgaangen ass, hir Defense halen. Esou wannen d'Bucs knapp 20:16 géint d'Lions.

Däitlech méi kloer war d'Victoire vun de Saints bei de Cowboys. Offensiv ass der Ekipp aus New Orleans quasi alles gelongen an defensiv hu si Prescott a Co standgehalen. Wärend de Quarterback vun de Saints net déi schlechtste Statistik hat, huet den Running Back Kamara richteg ofgerappt. Dräi Mol ass hien an d'Endzon gelaf an eng weider Kéier krut hien eng Pass, fir en Touchdown ze markéieren. Zum Schluss steet et esou 44:19. Net grad esou héich, mä dofir däitlech méi iwwerraschend, war d'Resultat vun de Falcons, déi sech 22:21 bei den Eagles konnten duerchsetzen. E groussen Undeel dorunner huet hire Quarterback Kirk Cousins, deen 20 vun 29 Bäll fir 241 Yards an zwee Touchdowns un de Mann konnt bréngen.

D'Resultater am Iwwerbléck

Buffalo Bills - Miami Dolphins 31:10
Las Vegas Raiders - Baltimore Ravens 26:23
Los Angeles Chargers - Carolina Panthers 26:3
New Orleans Saints - Dallas Cowboys 44:19
Tampa Bay Buccaneers - Detroit Lions 20:16
Indianapolis Colts - Green Bay Packers 10:16
Cleveland Browns - Jacksonville Jaguars 18:13
San Francisco 49ers - Minnesota Vikings 17:23
Seattle Seahawks - New England Patriots 23:20
New York Jets - Tennessee Titans 24:17
New York Giants  - Washington Commanders 18:21
LA Rams - Arizona Cardinals 10:41
Pittsburgh Steelers - Denver Broncos 13:6
Cicinnati Bengals - Kansas City Chiefs 25:26
Chicago Bears - Houston Texans 13:19
Atlanta Falcons -Philadelphia Eagles 22:21