Dat äntwert d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer dem grénge Stater Conseiller François Benoy, dee rezent no Detailer gefrot hat.

E Pilz wier Schold um Problem mam Wuess am Stade de Luxembourg.

Fir de Wuess fir de Match vum 8. September géint Belarus ze traitéieren, goufen et supplementar Fraisë vu gutt 36.000 Euro.

Bis de Match vum 15. November géint Bulgarien si Méikäschte vu 65.000€ akalkuléiert, heescht et vum Schäfferot.
Dobäi kéint een net mat Sécherheet viraussoen, ob kéint gespillt ginn.

Et gouf op alle Fall eng Preventiounsstrategie en place gesat, fir ze evitéieren, datt d'Krankheet sech nach ausbreet, heescht et vum Knuedler.

Den hybride Wuess huet 3,2 Milliounen Euro kascht, 250.000 méi wéi en normale Wuess, derbäi komme méi héich Entretiensfraisen.

Den hybride Wuess wier vun der FLF recommandéiert, sou d'Buergermeeschtesch. Hei handelt et sech ëm eng Mëschung tëscht richtegem Gras a syntheetesche Mikrofaser.