ManCity rett Punkt géint Arsenal, BVB ouni Chance zu Stuttgart

© PAUL ELLIS/AFP
D'AS Monaco bleift a Frankräich u PSG drun. An der Serie A huet Lazio Roum knapp zu Florenz verluer.
Am Spëtzematch tëscht ManCity an Arsenal gouf et a leschter Sekonn en 2:2-Remis. Arsenal war an Ënnerzuel laang 2:1 vir, huet an de leschte Sekonnen awer nach e Géigegol gefaangen.
An der Bundesliga hunn d'Last-Minute-Leverkusener nees zougeschloen a Wolfsburg duerch e Gol an der Nospillzäit 4:3 geschloen. Dortmund goung donieft mat 1:5 zu Stuttgart ënner.
Den Hansi Flick ass mat Barcelona a Spuenien weiderhi mat engem perfekte Bilan ënnerwee. Zu Villareal gouf et déi 6. Victoire vun der Saison.
Bundesliga
Leverkusen - Wolfsburg 4:3
0:1 Mukiele (5', Selbstgol), 1:1 Wirtz (14'), 2:1 Tah (32'), 2:2 Bornauw (37'), 2:3 Svanberg (45+1'), 3:3 Hincapié (48'), 4:3 Boniface (90+3')
E Golfestival gouf et an der 1. Hallschent zu Leverkusen. D'Gäscht si séier duerch e Selbstgol 1:0 vir komm. Wirtz an Tah hunn d'Partie fir den aktuelle Champion gedréint. Wolfsburg konnt awer virun der Paus zréckschloen a Bornauw a Svanberg hunn d'Féierung mat 2 Goler nees hiergestallt. Direkt nom Téi huet den Hincapié fir Leverkusen ausgeglach. D'Partie ass weider hin an hir gaangen, éier de Wolfsburger Gerhardt kuerz virum Enn vun der regulärer Spillzäit déi rout Kaart gewise krut. Leverkusen huet nach emol alles ginn a konnt an der Nospillzäit duerch de Boniface de 4:3 markéieren an d'Partie fir sech entscheeden.
Stuttgart - Dortmund 5:1
1:0 Undav (4'), 2:0 Demirovic (21'), 3:0 Millot (62'), 3:1 Guirassy (75'), 4:1 Touré (80'), 5:1 Undav (90')
Dortmund huet zu Stuttgart eng batter 1:5-Defaite agestach. Vun Ufank un huet d'Heemekipp dem BVB keng Chance gelooss a war no knapp iwwer 20 Minutten duerch Goler vun Undav an Demirovic schonns 2:0 vir. Bei enger besserer Chancëverwäertung hätt et an der Paus och méi héich kéinte stoen. An der 2. Hallschent ass et mat der Stuttgarter Dominanz weidergaangen an de Millot huet fir den 3. Gol gesuergt. De Guirassy konnt zwar verkierzen, Touré an nach emol Undav hunn den Deckel awer op d'Partie gemaach.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Premier League
Manchester City - Arsenal 2:2
1:0 Haaland (9'), 1:1 Calafiori (22'), 1:2 Gabriel (45+1'), 2:2 Stones (90+8')
Mam 10. Gol am 5. Match huet den Haaland den Top-Match an der Premier League opgemaach. Arsenal war awer net geschockt an huet d'Partie nach virun der Paus komplett gedréint. D'Goler sinn duerch de Calafiori an de Gabriel gefall. Nach an der Nospillzäit gouf den Trossard vun Arsenal awer vum Terrain gesat. ManCity war dono iwwerleeën an huet sech zum Deel gutt Chancen erausgespillt, de Ball soll awer net eragoen. Mat enger vun de leschten Aktioune vum Match huet de Stones dach nach den 2:2 markéiert. City bleift domadder och nom 5. Match un der Tabellespëtzt, Arsenal huet awer just 2 Punkte Retard.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
Fiorentina - Lazio Roum 2:1
0:1 Gila (41'), 1:1 Gudmundsson (49', Eelefmeter), 2:1 Gudmundsson (90', Eelefmeter)
Eng equilibréiert Partie hunn d'Spectateuren zu Florenz gesinn. Lazio hat de ganze Match iwwer liicht méi Spillundeeler a Golschëss. D'Fiorentina hat déi 1. Chance vum Match, konnt awer just de Potto treffen. D'Gäscht sollte kuerz virun der Paus duerch de Gila a Féierung goen. D'Heemekipp huet sech awer net ënnerkréie gelooss a krut kuerz nom Téi en Eelefmeter fir sech gepaff, deen de Gudmundsson am Gol ënnerbruecht huet. An der Suite gouf et Chancen op béide Säiten, de Lucky Punch ass awer der Heemekipp gelongen. De Gudmundsson huet och den zweeten Eelefmeter verwandelt a senger Ekipp esou déi 3 Punkte geséchert.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
Monaco - Le Havre 3:1
1:0 Teze (9'), 1:1 Kuzyaev (30'), 2:1 Ben Seghir (66'), 3:1 Balogun (70')
Le Havre huet trotz fréiem Réckstand zu Monaco an den éischte 45 Minutte gutt dogéint gehalen. No 30 Minutte konnten d'Gäscht ausgläichen. An der 2. Hallschent war Monaco dunn déi besser Ekipp. Tëscht der 66. an der 70. Minutt sinn zwee Goler fir d'Heemekipp gefall. Dovu konnt Le Havre sech net erhuelen an et gouf deemno eng 1:3-Defaite, obwuel ee laang gutt matgehalen huet.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
La Liga
Villareal - Barcelona 1:5
0:1 Lewandowski (20'), 0:2 Lewandowski (35'), 1:2 Ayoze (38'), 1:3 Torre (58'), 1:4 Raphinha (75'), 1:5 Raphinha (83')
Barcelona huet eng souverän Victoire zu Villareal gefeiert. De Golkipp Ter Stegen huet awer mat enger Blessur missen ausgewiesselt ginn. D'Heemekipp huet zwar gutt dogéint gehalen, war an der Paus 1:2 hannen. Nom Säitewiessel konnt den Torre mam 3:1 fir d'Virentscheedung suergen. De Raphinha huet mat zwee weidere Goler d'Endresultat hiergestallt.