Dës Woch war den Optakt vun der Europa League, déi änlech wéi d'Champions League an engem neie Modus gespillt gëtt.

Et sollt net de beschten Dag fir de Lëtzebuerger Nationalspiller am Gol vun der Union Saint-Gilloise ginn. Direkt zwee Mol, beim 0:1 vum Söyüncü a beim Selbstgol vum Burgess huet de Moris géint Fenerbahce missten hannert sech gräifen. An der Nospillzäit huet de Sykes nach op 1:2 aus Siicht vun de Belsch verkierzt, wat awer net méi vill bruecht huet.

Fir d'éischt huet Frankfurt sech schwéier gedoen, dunn huet et no enger sécherer Victoire ausgesinn an zum Schluss spréngt awer just en 3:3 géint Viktoria Pilsen eraus. No engem 1:1 an der Paus konnt Frankfurt innerhalb vu 5 Minutten, an der 62. duerch den Dina Ebimbe an an der 67. Minutt duerch den Kristensen, 3:1 a Féierung goen, ma d'Gäscht hu sech net ginn a kuerz viru Schluss duerch den Adu (86') an den Jemelka (90'+3) nees ausgeglach.

An der Partie tëscht dem AS Roum an Athletic Bilbao hate sech d'Italiener wuel scho bal als Gewënner gesinn. Si konnten no 32 Minutten duerch den Dovbyk a Féierung goen an dëst och bal iwwert d'Zäit retten. Ma an der 85. Minutt huet de Paredes den 1:1 fir d'Spuenier geschoss an esou enger Ekipp auswäerts ee Punkt gerett.

D'Matcher vum Mëttwoch

Dräi Mol kann ee soen, datt sech d'Aussesäiter e Mëttwoch e Punkt erkämpft hunn. Midtjylland konnt doheem 1 Punkt géint Hoffenheim sécheren an dobäi waren d'Dänen esouguer kuerz virun der Paus 1:0 duerch den Osorio a Féierung gaangen. An der 90. Minutt eréischt koumen déi Däitsch duerch den Moerstedt zeréck. Dat selwecht Resultat gouf et dunn tëscht Manchester United an Twente Enschede.Och hei war d'Heemekipp a Féierung gaangen, dat no 35. Minutten duerch den Eriksen, ma d'Hollänner hunn a Persona vum Lammers an der 68. Minutt ausgeglach.  Zwee Goler an der éischter Hallschent gouf et tëscht Nice a Real Sociedad. D'Spuenier waren no 18 Minutten duerch den Barrenetxea a Féierung gaangen an de Rosario hat kuerz virum Säitewiessel ausgeglach.

All d'Resultater am Iwwerbléck