Aus dem nationale Futtball kënnt d’Nouvelle, datt den FC Wooltz 71 an den David Vandenbroeck vun elo u getrennte Weeër ginn.

Dat huet de Veräin aus dem Éislek an engem Communiqué matgedeelt.  
2020 ass den David Vandenbroeck als Spiller op Wooltz gewiesselt. 2021 huet hien den Trainerstull bei de Weeltzer iwwerholl.
 
Interimsweis gëtt d’Ekipp de Weekend géint Hesper vum U23-Trainer Nesad Omerasevic dirigéiert.
 
Vun e Méindeg un heescht den neien Trainer da Mikhail Zaritski, deen d’lescht Saison nach bei Marisca Miersch an der Responsabilitéit stoung.
 
Den FC Wooltz 71 läit no 8 Spilldeeg mat nëmmen 3 Punkten op der 14 Plaz an der Tabell.

RTL