1:1 tëscht Stroossen an Nidderkuer, Déifferdeng klappt d'Jeunesse

© Val Wagner
Donieft ass Hesper zu Wolz net iwwert en 0:0 erauskomm an d'Fola huet däitlech géint Munneref verluer.
Um Sonndeg stoungan der BGL Ligue de ganzen 9. Spilldag um Programm.
Zu Stroossen hunn d'Gäscht aus Nidderkuer besser an de Match fonnt. Si waren an der Ufanksphas déi dominant Ekipp an hu sech eng Partie Méiglechkeeten erausgespillt, déi awer all ongenotzt bloufen. Kuerz virun der Paus ass Stroossen e wéineg aus dem Näischt duerch den Hadji a Féierung gaangen. D'Lokalekipp hat no der Paus e puer Occasiounen op d'Féierung, ma et waren awer d'Visiteuren, déi duerch de Bah op 1:1 stelle konnten. An der Schlussphas huet virun allem Nidderkuer op den decisive Gol gedréckt an hat duerch de Burban eng grouss Geleeënheet, ma um Enn sollt et beim 1:1 bleiwen.
Wéi ze erwaarde war Déifferdeng géint d'Jeunesse déi méi spillstaark Ekipp an huet sech e puer Mol geféierlech virun den Escher Gol gespillt, ma d'Jeunesse huet awer gutt dogéint gehalen an ass och selwer zu Occasioune komm. Och am zweeten Duerchgang war et ee relativ ausgeglachene Match, an deem den Tabelleleader dunn a Féierung gaangen ass. De Franzoni huet an der 66. Minutt vun engem Mëssverständnes an der Escher Defense profitéiert. An der Suite hunn d'Visiteuren et weider probéiert, géint stabil Déifferdenger ass et awer kaum méi zu Geleeënheete komm, soudass et beim 1:0 fir d'Haushäre bliwwen ass.
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Diddeleng - Hueschtert 3:0
1:0 Delorge (35'), 2:0 Fernandes (57'), 3:0 Englaro
Fola - Munneref 0:4
0:1 Abdelkadous (9'), 0:2 Fournier (32'), 0:3 Godart (48'), 0:4 Far (90')
Stroossen - Nidderkuer 1:1
1:0 Hadji (43'), 1:1 Bah (69')
Wolz - Hesper 0:0
Rodange - Monnerech 3:2
1:0 Atieda (4'), 2:0 Dzanic (31'), 2:1 Perkovic (73'), 3:1 Delarboulas (76'), 3:2 Touré (80')
Rouspert - Beetebuerg 1:1
0:1 Maconda (59'), 1:1 Steinbach (89', Eelefmeter)
Déifferdeng - Jeunesse 1:0
1:0 Franzoni (66')
Racing - Péiteng 2:1
1:0 Mazié (53'), 2:0 Mabella (60'), 2:1 Kamavuaka (79')