0:0 fir Moris a Saint-Gilloise, Porto a Manchester United trenne sech 3:3

© AFP
En Donneschdeg steet am neie Liga-Format an der Europa League de kompletten 2. Spilldag um Programm.
Mam Anthony Moris am Gol huet d'Union Saint-Gilloise 0:0 géint Bodø/Glimt aus Norwegen gespillt. De Lëtzebuerger Nationalgolkipp konnt domat eng weider Kéier d'Null halen, huet awer an de 90 Minutten och just eemol missen intervenéieren.
An engem animéierte Match hu Porto a Manchester United sech um Enn mat 3:3 getrennt. No zwee fréie Goler vu Rashford an Højlund hat et no engem rouegen Owend fir d'Red Devils ausgesinn, ma nach virum Säitewiessel hunn d'Portugisen déi passend Äntwert fonnt an duerch Pepe a Samu ausgeglach. De Samu war et dunn och, deen d'Partie kuerz no der Paus komplett gedréint huet. Géint ëmmer méi passiv Portugisen ass et de Visiteuren awer an der Nospillzäit nach gelongen, duerch ee Kappball vum Maguire ze egaliséieren. Trotz spéidem Punktgewënn dierft et fir den Trainer Erik ten Hag mat just dräi Victoiren dës Saison awer no an no méi enk ginn.
Besiktas huet sech no enger onglécklecher éischter Hallschent misse mat 1:3 géint Frankfurt geschloe ginn. Marmoush an Ebimbe hu bannent dräi Minutten zwee Goler markéiert, kuerz drop huet den Immobile och nach en Eelefmeter verschoss. Eng 10 Minutte viru Schluss huet den agewiesselte Knauff den Deckel dropgemaach, de Gol vum Masuaku koum fir d'Tierken ze spéit.
Eng Iwwerraschung gouf et iwwerdeems a Schweden, wou Elfsborg sech mat 1:0 géint d'Roma behaapt huet. Kuerz virun der Paus huet de Baidoo per Eelefmeter de Gol vum Dag markéiert, op deen d'Réimer am zweeten Duerchgang keng Äntwert méi fonnt hunn.
An de fréie Matcher gouf et ënner anerem eng 2:1-Victoire fir Tottenham Hotspur géint Ferencvaros. Zu Budapest sinn d'Londoner no 23 Minutten duerch de Sarr a Féierung gaangen, hu sech awer allgemeng géint gutt organiséiert Ungare schwéier gedoen. Kuerz viru Schluss huet den Johnson du mam zweete Gol fir d'Entscheedung gesuergt, och wann de Varga et an de leschte Minutten nach eemol spannend gemaach huet.
No der ganz batterer Liga-Defaite um Sonndeg huet Hoffenheim d'Partie géint Dynamo Kyiv vun Ufank un dominéiert. D'Ukrainer konnten d'Hoffenheimer Defense kaum viru Problemer stellen an déi zwee Goler vum Hlozek sinn den Däitschen duergaangen, fir souverän dräi Punkte matzehuelen.
Eng ausgeglache Partie tëscht Lazio an Nice ass mat engem klore Score vu 4:1 fir d'Réimer op en Enn gaangen. D'Haushären hu sech enorm effizient gewisen, de Buteur Castellanos ass mat zwee Goler zum Matchwinner avancéiert.