"Et gëtt e spezielle Match géint Kaiserslautern"
Den Raphael Duarte ass aktuell ee vun zwee Co-Trainer beim SV Elversberg.
Den SV Elversberg ass virun 2 Joer vun der drëtter Liga an déi zweet däitsch Bundesliga opgestigen.
Mat responsabel fir esou e Succès ze feieren, sinn engersäits Spiller awer och den Trainerstaff, déi de Géigner analyséieren an Taktik definéieren. A genee an deem Beräich spillt den Rafael Duarte eng wichteg Roll. De Lëtzebuerger sëtzt nämlech zu Elversberg um Stull vum Co-Trainer.
Déi sti meeschtens net esou am Fokus wéi en Haapttrainer. Ma um Training zu St. Ingbert, am Nopeschduerf vun Elversberg, war dat allerdéngs anescht. Et war et den Raphael Duarte, deen den Training net nëmmen geleet, mee och Uweisunge ginn huet, fir Spillzich ze verbesseren.
D'Preparatioun op eng Partie läit beim Veräin vun Elversberg gréisstendeels an den Hänn vum Lëtzebuerger. Op Basis vun de Videoen, déi hie vum Analyst kritt, gëtt den Trainingsplang opgestallt.
"Déi gi vum Videoanalyst katalogiséiert, Richtung nächste Géigner. Mat deenen Informatioune bereeden ech e Plang vir, wéi mir géint den nächste Géigner spille kënnen a wat mir deementspriechend trainéiere mussen. Dat schwätzen ech da mam Trainer of a ginn dat a Planung vun der Woch eran. Ech halen den Training dann och selwer. Dat gëtt dem Trainer d'Méiglechkeet vu baussen ze kucken fir eng aner Vue ze hunn."
Den nächste Géigner vun Elversberg heescht 1 FC Kaiserslautern. Dës Affiche ass ëmmer speziell, well béid Clibb leien nëmmen 50 Kilometer auserneen.
"Et war och d’lescht Joer schonn e spezielle Match, dee mir glécklecherweis och gewonnen hunn. Et ass ëmmer eng gutt Atmosphäre an et kommen och ëmmer vill Lauterer eriwwer. Eis Leit freeë sech och drop, dofir ass et ëmmer eppes Besonnesches."
Och den Trainer Horst Steffen freet sech op e weidert Duell mam Traditiounsveräin aus der Rheinland-Pfalz.
Den neien Trainer vum 1. FCK, Markus Anfang, huet nach ni géint Elversberg gewonnen. D'Stäre stinn also net alt ze schlecht fir den Raphael Duarte a seng Ekipp fir vläicht, no der Victoire géint Hertha BSC Berlin um leschte Spilldag, eng weider Victoire ze feieren.