Griicheschen Nationalspiller George Baldock stierft mat 31 Joer

De 6. Oktober war den George Baldock nach am Match géint Olympiakos am Asaz / © AFP
Aus dem internationale Futtball ass et d'Nouvelle vum onerwaarten Doud vum George Baldock.
De Spiller vu Panathinaikos Athen gouf e Mëttwoch den Owend dout bei sech doheem an der Schwemm fonnt. Iwwer déi genee Ëmstänn ass nach näischt gewosst. Nodeems seng Fra, déi an England lieft, stonnelaang ouni Succès probéiert hat, fir un hien ze kommen, huet dës de Veräin alarméiert, sou mellen et griichesch Medien.
E Mëttwoch den Owend ware vill Spiller vu Panathinaikos bei d'Wunneng vum Baldock gefuer.
De Veräi Panathinaikos Athen weist sech schockéiert an entsat iwwer den Doud vun hirem Spiller. De Baldock stoung nach e Sonndeg beim 0:0 am Derby géint Olympiakos an der Startformatioun.
Den George Baldock huet a senger Karriär 12 Mol fir déi griichesch Nationalekipp gespillt a war fir d'lescht am Playoff virun der EM géint Georgien fir d'Griichen am Asaz. De Baldock gouf zu Buckingham an England gebuer an huet am Laf vu senger Karriär gréisstendeels an England gespillt, ënner anerem och fir Sheffield United. Am Juli war de Verstuerwenen op Athen gewiesselt.