D'nächst Joer ginn dann d'Linneriichter duerch den Hawk Eye Live Electronic Line Calling ersat.

D'Organisatioun vum Traditiounsturnéier, den All England Club, huet sech fir den elektronesche System decidéiert a brécht domat mat der 147 Joer aler Traditioun. Vum nächste Joer un ass den Hawk Eye Live Electronic Line Calling (Live ELC) souwuel an der Qualifikatioun wéi och beim Grand Slam am Asaz.

Out fir d'Linneriichter zu Wimbledon
D'nächst Joer ginn dann d'Linneriichteren duerch den Hawk Eye Live Electronic Line Calling ersat. (Onkommentéiert Bildmaterial)

Déi éischte Kéier gouf den elektronesche System am Joer 2017 bei den ATP Next Gen Finals zu Mailand getest. D'Covid-19-Pandemie huet dozou bäigedroen, datt e sech séier konnt etabléieren. Och aner grouss Turnéieren hu mëttlerweil op den elektronesche System ëmgestallt. Dat ass de Fall fir d'Australien an d'US Open. D'French Open vu Rolland Garros par contre vertraue momentan nach op dat mënschlecht Aen.