Um Samschdeg war am nationale Futtball-Championnat bei den Dammen de komplette 6. Spilldag.

De Spëtzematch tëscht Hesper an dem Racing ass mat engem 1:1 op en Enn gaangen. D'Lokalekipp war an der Ufanksphas a Féierung gaangen, ma d'Äntwert vum Champion hat net laang op sech waarde gelooss. De Racing bleift domat mat 2 Punkten Avance op Hesper un der Spëtzt.

Dikrech louch géint Jonglënster no der éischter Hallschent a Féierung, um Enn hunn d'Gäscht awer d'Iwwerhand behalen an de Match mat 1:3 fir sech decidéiert.

Bei Mamer ass dës Saison weiderhin de Wuerm dran, soudass d'0:3-Defaite géint Déifferdeng schonn déi 4. vun der Saison ass. Domat steet ee mat 6 Punkten aus 6 Matcher just op Plaz 8, Déifferdeng klëmmt dogéint op déi 4. Plaz.

Ell hat mat Mäertert-Waasserbëlleg keng Problemer an huet mat engem souveränem 6:0-Succès déi dräi Punkten doheem gehalen.

Och d'Entente Wuermer/Mënsbech/CSG hat doheem keng Schwieregkeeten an huet d'Entente Housen/FF Norden mat 10:0 iwwerrannt.