Schweedesch Medien haten de 25 Joer ale Futtballprofi vu Real Madrid mat engem presuméierte Viol zu Stockholm a Verbindung bruecht.

"No Medieberichter iwwer eng presuméiert Vergewaltegung zu Stockholm kann d'Procureurin confirméieren, datt eng Plainte wéinst Vergewaltegung bei der Police erakomm ass", heescht et an engem Communiqué. Den Numm vum Verdächtegen gëtt an der Kommunikatioun allerdéngs net genannt.*

De Viol soll leschten Donneschdeg an engem Stockholmer Hotel geschitt sinn. Schweedesch Medien hate kuerz duerno de 25 Joer ale Futtballprofi vu Real Madrid, de Kylian Mbappé, als Verdächtegen an deem Fall genannt.

Den Mbappé soll deen Owend mat Kolleegen an der schweedescher Haaptstad e Restaurant an duerno e Club besicht hunn. Dat presuméiert Affer vum Viol soll no enger medezinescher Ënnersichung e Sonndeg dann eng Plainte bei der Police gemaach hunn. D'Police huet als Beweismëttel eng Rei Kleedungsstécker beschlagnaamt. Nodeems d'Virwërf bekannt gi sinn, huet de Futtballer dës um Kuerznoriichtendéngscht X als "Falschmeldunge" bezeechent.

*Mir haten an enger éischter Versioun vum Artikel geschriwwen, de Parquet hätt d'Enquête géint den Mbappé confirméiert. De Parquet huet allerdéngs just d'Enquête confirméiert, ouni de Verdächtege beim Numm ze nennen.