Dëschtennis-EM
Sarah De Nutte steet am Dubbel an der Véierelsfinall

Op der Europameeschterschaft am Dëschtennis zu Linz an Éisträich steet d'Sarah De Nutte zesumme mat hirer ungarescher Partnerin an de Véierelsfinallen.
Dat no engem 3:0-Succès géint eng polnesch/slowakesch Koppel.
De Luka Mladenovic huet iwwerdeems am éischten Tour vum Haapttableau géint een Norweger verluer.
Weider Informatioune fannt Dir am Schreiwes vun der Dëschtennisfederatioun.
Am meeschte gelies