Den HB Käerjeng hätt bal a leschter Minutt nach d'Victoire zu Rëmeleng verspillt. Dem HC Standard ass géint Dikrech e wichtege Coup gelongen.

Well den HC Bierchem an den HB Esch am EHF European Cup am Asaz waren, gouf et dëse Weekend just zwou Partien. Am Dammechampionnat ass eng Paus, well d'Nationalekipp sech op d'Qualifikatiounsturnéier, dat de 26. a 27. Oktober an Italien organiséiert gëtt, preparéiert.

Axa League Hären

Den HB Käerjeng huet sech mat der klengst méiglecher Avance géint d'Esperance Rëmeleng duerchgesat, an zwar 33:32. Käerjeng war als klore Favoritt an de Match gaangen an huet och esou ugefaangen. No enger Véierelstonn louch d'Ekipp vum Trainer Zoran Radojevic 13:6 vir an alles huet no enger klorer Victoire ausgesinn.

Och no der Paus (20:13 fir Käerjeng) huet et laang Zäit ausgesinn, wéi wann et keng Iwwerraschung an der Rëmelenger Hal sollt ginn. Mee ab der 50. Minutt (24:30) huet Rëmeleng den Turbo gezünt an huet bannent 6 Minutten op 30:30 gestallt. Käerjeng war komplett vun der Roll, mee konnt um Enn awer nach zwee Punkte mat heem huelen.

Dem HC Standard ass mat der 20:18-Victoire géint den direkte Konkurrent Chev Dikrech e Coup gelongen. Dikrech hat d'lescht Woch nach Käerjeng um Bord vun enger Néierlag. An enger ëmkämpfter Partie konnt sech keng Ekipp de ganze Match iwwer mat méi wéi 2 Goler ofsetzen. De Standard war an der 46. Minutt nees eng Kéier a Féierung gaangen an huet dës bis zum Schluss net méi ofginn. Decisiv Männer fir de Standard waren de Steve Massard-Chenet mat 5 an de Luca Kremer mat 4 Goler.