Am nationale Volleyball-Championnat war de Weekend den 3. Spilldag.

Hären

E Sonndeg huet de Volley Bartreng fir den Ofschloss vum Spilldag mat 3:1 (25:13, 25:17, 21:25, 25:23) géint de VC Fenteng gewonnen.

De VC Stroossen bleift an dëser Saison weiderhin ongeschloen. Den amtéierende Champion hat am Rematch vum Supercup virun e puer Woche keng Problemer géint Iechternach a geet mat 3:0 (25:10, 25:12, 25:19) als Gewënner vum Terrain.

Den Tabellenzweete Luerenzweiler, deen ënnert der Woch am CEV Challenge Cup eng Ronn weiderkoum, hat am Ufank Krämpes, mee gewënnt um Enn kloer 3:1 (24:26, 25:13, 25:11, 25:21) géint de Chev Dikrech. D'Gäscht wollten et am leschte Saz nach eng Kéier wëssen, hunn awer de Kierze gezunn, woumat de Match eriwwer war.

Vu dass de Belair seng Ekipp zeréckgezunn huet, gewënnt Esch 3:0 forfait.

Dammen

Mamer a Walfer bleiwen ongeschloen an hu jeeweils 9 Punkten um Kont.

Mamer huet sech beim 3:0 (25:18, 25:16, 25:11) géint d'Gym kloer behaapt, wärend Walfer sech beim 3:0 (25:17, 25:18, 25:13) géint Iechternach keng Bléisst ginn huet.

De VC Stengefort gewënnt den enke Match géint Esch3:1 (25:21, 25:27, 25:22, 25:23) an ass neien Tabellendrëtten.

E Sonndeg gouf et dann trotz engem immens enke Match, eng um Pabeier kloer 3:0-Vicotire fir Péiteng géint Bartreng. Nom éischte Saz, dee mat 26:24 ausgaangen ass, war et och mat 25:23 en zweete knappe Saz-Gewënn ginn. Péiteng krut sech och an engem laangen drëtte Saz mat 30:28 duerchgesat a konnt domat d'Partie entscheeden.