E Samschdeg war et d'Suite vun den Halleffinallen beim Luxembourg Ladies Tennis Masters an der Coque um Kierchbierg.

An der 1. Halleffinall krut et d'Slowakin Dominika Cibulkova mam Martina Hingis ze dinn. Beim Stand vun 3:1 fir Hingis huet d'Schwäizerin Dominika Cubulkova gebreakt a louch domat séier am 1. Saz mat 4:1 am Avantage. D'Slowakin ass an der Suite awer besser an de Match komm an huet Jeu fir Jeu opgeholl, sou dass d'Entscheedung am 1. Saz sollt am Tiebreak falen.

Et huet sech e richteg flotten an intensive Match tëscht béide Spillerinnen entwéckelt. Hei hat Hingis déi besser Nerven a gewënnt den 1. Saz mat 7:6.

Am 2. Saz hat een dunn den Uschäin, dass dem Dominika Cibulkova d'Energie ausgoung. D'Martina Hingis huet kuerze Prozess gemaach a gewënnt de zweete Saz mat 6:0 a steet e Sonndeg an der Finall vun de Luxembourg Ladies Tennis Masters.

An der zweeter Halleffinall stounge sech d'Andrea Petkovic aus Däitschland an d'Kirsten Flipkens aus der Belsch géigeniwwer. Den éischte Saz goung mat 6:4 un d'Belsch, nodeem sech béid Spillerinnen en intensive Kampf geliwwert haten an de Spectateuren an der Coque e flotte Match gebueden hunn.

Sou sollt et och am zweete Saz weidergoen. Petkovic a Flipkens hu sech näischt geschenkt, mee beim Stand vu 4:3 fir d'Flipkens konnt si d'Petkovic breaken. Uschléissend hat déi eemoleg Weltklassspillerin aus der Belsch dräi Matchball, déi d'Petkovic ofwiere konnt, mee déi nächst zwee Opschléi ware fir d'Flipkens. Domat goung de Match mat 6:3 un d'Belsch, déi e Sonndeg an der Finall op d'Martina Hingis trëfft.

D'Finall kënnt Dir live op RTL.lu vu 14.40 Auer u kucken.