Real Madrid wënnt no zwee Goler Réckstand mat 5:2 géint Dortmund

© AFP
En Dënschdeg den Owend war an der Champions League den Optakt vum 3. Spilldag.
Real Madrid huet virun den eegene Spectateuren een 0:2-Réckstand opgeholl an um Enn nach mat 5:2 géint Dortmund gewonnen. Zwee Goler bannent fënnef Minutten haten déi Schwaarz-Giel a Féierung bruecht, ma déi Kinneklech konnte mat zwee Goler bannent gutt zwou Minutten äntweren. Déi spéit Goler vum Lucas Vazquez an dem Vinicius Junior sollten dann d'Decisioun bréngen.
D'Punkte gedeelt huet de PSG, dee sech bei engem 1:1 doheem géint de PSV Eindhoven mat just engem Punkt zefridde gi muss.
Fir Arsenal, Sporting, Aston Villa a Girona sinn et en Dënschdeg iwwerdeems dräi Punkte ginn an och Stuttgart ass duerch e Gol an der Nospillzäit een 1:0-Succès géint Juventus gelongen.
An den zwou fréie Partië vum Owend konnt sech Monaco däitlech mat 5:1 géint de Roude Stär Belgrad duerchsetzen a fir den AC Mailand gouf et am San Siro en 3:1-Succès géint Club Bruges.
Real Madrid - Dortmund 5:2
0:1 Malen (30'), 0:2 Gittens (34'), 1:2 Rüdiger (60'), 2:2 Vinicius (62'), 3:2 Vazquez (83'), 4:2 Vinicius (86'), 5:2 Vinicius (90+3')
Am Santiago Bernabeu ass et en Dënschdeg den Owend zu enger Nei-Oplag vun der Finall aus der leschter Saison komm. Béid Ekippen hu sech op Aenhéicht begéint a sou hat souwuel Real Madrid, wéi och Dortmund, an den éischten zéng Minutte jeeweils eng éischt Aktioun a Richtung Gol opweises. Doropshin huet sech de Match allerdéngs e gutt Stéck berouegt. Ouni vill Vitess hunn déi Zwee ofwiesselend de Ball duerch déi eege Reie lafe gelooss an op méiglech fräi Raim gewaart.
E bësse wéi aus dem Näischt ass dann an der 30. Minutt den 1:0 fir d'Gäscht gefall. No engem Ballverloscht kuerz virum eegene Strofraum ass et ganz séier gaangen. Vum Julian Brandt ass de Ball bei de Serhou Guirassy komm, dee mat vill Iwwersiicht op de fräien Donyell Malen eriwwergespillt huet. Den Hollänner ass virum Golkipp äiskal bliwwen a konnt Dortmund domat a Féierung bréngen. De Gaascht huet de Momentum matgeholl an nëmme véier Minutten drop erhéicht. Eng flaach Flank vum Donyell Malen huet den Jamie Gittens an der Mëtt fonnt, deen de Ball hannert d'Linn drécke konnt.
Elo war de Match richteg lancéiert a Real Madrid war ëm eng Reaktioun gefuerdert. Bal ass de Kinneklechen de Gol fir den 1:2 gelongen, ma zwee Mol bannent e puer Sekonnen huet d'Lat dëse verhënnert. Am grousse Ganzen ass bis op dës Duebel-Chance vum Titelverdeedeger allerdéngs net genuch komm, sou datt et no 45 Minutten mat engem Réckstand an d'Paus gaangen ass.
Mam Ufank vun der zweeter Hallschent ass Real mat frëschem Wand zréck op den Terrain komm. Minutt fir Minutt ass den Drock op den Dortmunder Gol ëmmer méi grouss ginn, bis datt si sech mam Gol beloune konnten. No enger Flank vum Kylian Mbappé war et den Antonio Rüdiger, dee per Kappball op 1:2 verkierzt huet. Sou wéi een d'Ekipp vu Madrid kennt, huet et nëmmen zwou weider Minutte gebraucht fir de Spillstand auszegläichen. De Vinicius Junior hat no engem ongléckleche Ball vum Nico Schlotterbeck am séierste reagéiert an de Ball hannert d'Linn gedréckt. Op eemol war d'Partie also rëm komplett oppen an d'Borussia krut sech och an deenen nächste Minutten net wierklech hannen eraus befreit. En drëtte Gol louch ëmmer méi an der Loft. An der 83. Minutt huet de Lucas Vazquez aus spatzem Wénkel an de laangen Eck geziilt an domat déi verdéngt 3:2-Féierung markéiert. Real war domat awer nach net fäerdeg. Spéitstens mam 4:2 a 5:2 duerch zwee weider Goler vum Vinicius Junior war den Deckel drop an d'Victoire der Ekipp aus Madrid net méi aus der Hand ze rappen.
PSG - Eindhoven 1:1
0:1 Lang (34'),
Arsenal - Shakthar 1:0
1:0 Riznyk (29')
Juventus - Stuttgart 0:1
0:1 Touré (90+2')
Aston Villa - Bologna 2:0
1:0 McGinn (55'), 2:0 Duran (64')
Girona - Bratislava 2:0
1:0 Miguel (42'), 2:0 Juanpe (73')
Sturm Graz - Sporting 0:2
0:1 Santos (23'), 0:2 Gyökeres (53'),
Monaco - Belgrad 5:1
1:0 Minamino (20'), 1:1 Ndiaye (27'), 2:1 Embolo (45+4'), 3:1 Singo (54'), 4:1 Minamino (70'), 5:1 Akliouche (90+6')
AC Mailand - Club Bruges 3:1
1:0 Pulisic (34'), 1:1 Sabbe (51'), 2:1 Reijnders (61'), 3:1 Reijnders (71')
All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Tabell, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.