E Freideg den Owend spillt d’Lëtzebuerger Dammen-Futtballnationalekipp an den Nations-League-Playoffs ëm d’EM-Qualifikatioun.

No den Hären am Mäerz hunn dann och lo d’Dammen d’Méiglechkeet, sech fir ee grousst Turnéier ze qualifizéieren.

D’Ekipp vum Dan Santos huet awer eng schwéier Aufgab viru sech. D’Schwedinnen als Nummer 5 vun der FIFA-Weltranglëscht sinn dee grousse Favorit an dëse béide Partien an der Halleffinall. D’FLF-Selektioun wëll sech trotzdeem beschtméiglech aus der Affär zéien. Dofir gëtt sech zanter Wochen och intensiv op dës Rendez-vousen preparéiert.

E Freideg wäert sécherlech vill Aarbecht op d’Golkipperin Lucie Schlimé duerkommen. D’Erfarungen aus zum Beispill de Matcher géint den Europameeschter England kéinten eng Hëllef sinn.

Lucie Schlimé: “Ech hu genau sou Matcher scho gespillt. Mir wëlle Fussball spillen, mee ech muss preparéiert sinn, datt vill op mech duerkënnt. Ech kucke mir einfach vill Analysen un.”

Ee Fragezeiche stoung nach hannert der Kapitänin Laura Miller. D’Spillerin vum Standard Léck hat sech viru Kuerzem blesséiert an huet de leschte Weekend géint Essevee vu bausse missen nokucken.

Laura Miller: “Ech hat eng Läsioun um Ichio. Ob ech e Freideg ka spillen, steet nach an de Stären. Ech maachen nach virdrun een IRM an da gesi mir, ob et geet oder net.”

En Donneschdeg am Nomëtteg koum dunn d’Entwarnung. D’Laura Miller ka spillen. D’Ekipp vum Dan Santos huet an der Vergaangenheet och scho géint grouss Natiounen, wéi den Europameeschter England oder och Éisträich, gespillt. D’Zil an deenen zwee Matcher géint Schweden ass et, sech besser aus der Affär ze zéien.

Dan Santos: “Eis geet et haaptsächlech ëm d’Aart a Weis, wéi mir géint si spillen. Déi zwee Matcher gi sécher eng Erfarung, mee et geet drëm, Courage ze weisen, fir géint sou Géigner phaseweis ze spillen. Ech hoffen, datt vill Spectateure kucke kommen a gesinn, datt mir e Schratt no vir gemaach hunn.”

D’Partie vun der Lëtzebuerger Dammennationalekipp géint Schweden kënnt Dir muer vun 19.30 Auer u bei eis am Livestream suivéieren.