Knapp Néierlag fir d'Union Saint-Gilloise

© Photo by VIRGINIE LEFOUR / BELGA MAG / Belga via AFP
Kee Gewënner gouf et dann tëscht Fenerbahce Istanbul a Manchester United, wärend Porto d'Punkten doheem géint Hoffenheim konnt halen.
Et sollt net den idealen Owend fir de Lëtzebuerger Nationalgolkipp Anthony Moris am Gol vun der Union Saint-Gilloise ginn. Dobäi huet de Moris och just eng Kéier hannert sech misste gräifen. No 18 Minutten hat den Diao nämlech fir den FC Midtjylland markéiert. Ma den de 72 an e puer wiedere Minutten an dëser Partie ass et de Belsch net gelongen, géint d'Dänen ze markéieren. Esou kritt Midtjylland dës dräi Punkten a bäisst ech am ieweschten Drëttel vun der Tabell fest, dat mat 7 Punkten no 3 Matcher. D'Belsch dogéint hunn et verpasst, no uewen ze kommen, a bleiwe mat engem Punkt aus dräi Partien am leschten Drëttel hänken.
An huet bis an d'Nospillzäit vun der éischter Hallschent gedauert, bis Porto doheem géint Hoffenheim konnt a Féierung goen. Den Djalo hat dëse Gol markéiert. An der 70. Minutt huet Hoffenheim reagéiert an dräi Mol gewiesselt, ma et war kuerz drop Porto, déi nees getraff hunn, dat a Persona vum Samu. Et sinn déi éischt dräi Punkte fir Porto, déi domadder an d'Mëttelfeld klammen. Genau wéi och Hoffenheim hu si 4 Punkten.
Zu Istanbul gouf et da kee klore Gewënner. Zwar war Manchester nom Gol vum Eriksen an der 15 Minutt schonn a Féierung gaangen, ma d'Tierke koumen duerch e Gol kuerz nom Säitewiessel vum En-Nesyri erëm zeréck. Fenerbahce steet mat dësem Punkt an der fënnef am ganzen am ieweschten Deel vum Mëttelfeld. Manchester huet bis ewell nach keng Partie an der Europa League gewonnen, ma och keng verluer. Aktuell wiere si als 21 esou just fir d'Siechzéngtelsfinall qualifizéiert.