D'Lëtzebuerger Dammen-Nationalekipp am Futtball war e Freideg am Stade Mayrisch zu Esch géint Schweden gefuerdert.

D'Ekipp vum Dan Santos konnt sech am Allersmatch vun den Halleffinallen an den Nations-League-Playoffs net géint déi staark Schweedinne behaapten an huet sech misse mat 0:4 geschloe ginn.

D'Lëtzebuerger Dammen si gutt an de Match gestart. Si konnte sech déi éischt 25 Minutte géint eng staark schweedesch Ekipp gutt verteidegen. D'Schweedinnen hu vun Ufank un en héije Pressing gespillt an d'FLF-Spillerinnen direkt an hir eegen Hallschent gedréckt. An der 25. Minutt huet sech déi Schweedesch Spillerin Angeldahl een Häerz geholl an aus gutt 25 Meter op de Gol geschoss. Onhaltbar war dëse Sonndesschoss fir d’Lucie Schlimé am Gol vun de roude Léiwinnen. Et war eng verdéngt 1:0-Féierung fir de 5. an der Weltranglëscht.

Kuerz drop sinn déi schweedesch Spillerinne richteg an de Match komm a wollten direkt ee Gol dropsetzen. D'Angeldahl an d'Rytting koumen an der 30. Minutt awer net laanscht d'Schlimé am Gol. Eng Minutt méi spéit war et awer d'Rytting, déi dunn d'Lieder an de Gol drécke konnt an op 2:0 gesat huet.

An der 35. Minutt huet sech d’Lëtzebuerger Kapitänin Laura Miller am Mëttelfeld gutt duerchgesat a konnt déi éischte Kéier op de Gol vun der Schweedescher Golkipperin Musovic schéissen. Beim Stand vun 0:2 aus Lëtzebuerger Siicht goung et dann an d'Paus um Escher Gaalgebierg.

Nom Téi sinn d'Schweedinne besser an déi 2. Hallschent gestart. Si konnte sech eng ganz Rei Chancen erausspillen. Zweemol ass de Ball och am Lëtzebuerger Gol gelant, ma béid Kéieren huet dëse wéinst Abseits net gezielt. An der 57. Minutt konnt d'Amy Thompson vun de roude Léiwinne mat engem Distanzschoss d'Golkipperin Musovic testen. An der 80. Minutt ass dunn awer den 3:0 fir d'Gäscht gefall. Dës Kéier huet d'Blackstenius markéiert.

Et war gewosst, dass d'Schweedinnen d'Favoritteroll an der Partie iwwerhuele géingen, d'FLF-Dammen hu sech awer ni opginn an defensiv alles probéiert, géint d'Nummer 5 op der Welt matzehalen.

An der Nospillzäit huet d'Ijeh mam 4:0 fir d'Schlussresultat gesuergt.

De Retourmatch tëscht Lëtzebuerg a Schweden ass en Dënschdeg zu Göteborg a Schweden. An der anerer Halleffinall hu sech Bosnien Herzegowina a Serbien mat engem 2:2 getrennt.

Nëmmen de Gewënner vun der Finall qualifizéiert sech fir d'EM d'nächst Joer.