Fir den Optakt vun der Réckronn gouf et e Samschdeg den Owend zwee ganz serréiert Matcher.

Axa League Hären

Resumé Handball / Reportage Gilles Tricca

Wéi schonn de leschte Spilldag stounge bei den Häre wéinst der Participatioun vun Esch a Bierchem am EHF Cup just zwee Matcher am nationale Championnat um Programm.

Mat Déifferdeng an Diddeleng stounge sech zwee Veräiner géintiwwer, déi den Ament ëm déi zweet Plaz hannert dem Leader Bierchem kämpfen. Béid Ekippen hu sech dann och e ganz serréierte Match geliwwert, bei deem d'Red Boys dat bessert Enn fir sech haten a sech mat 26:25 behaapt hunn.

De Match war vun Ufank un eng enk Affär. Eréischt an de Minutte virun der Paus ass et de Red Boys gelongen, fir sech liicht ofzesetzen. Si si mat engem 15:12-Avantage an d'Paus gaangen.

No der Paus konnt Diddeleng no 37 Minutte mat de Red Boys gläichzéien an och a Féierung ze goen. Dem HBD ass et gelongen, fir sech eng kleng Avance erauszespillen an esou stoung et no 50 Minutten 23:20 fir Diddeleng. Eng Minutt viru Schluss waren d'Red Boys nees drun an hunn op 25:25 ausgeglach. Déi lescht Minutt ass et nach emol hëtzeg ginn um Terrain. Op Diddelenger Säit ass de Martin Hummel verwarnt an de Samuel Etute disqualifizéiert ginn. D'Red Boys kruten ee 7m an deen huet de Brice Aillaud verwandelt an domadder d'26:25-Victoire perfekt gemaach.

Den Allersmatch hat Diddeleng mat 34:29 fir sech entscheet.

An der zweeter Partie vum Owend stoung de Chev Dikrech géint Rëmeleng ënner Zuchzwang am Kampf ëm déi sechste Plaz. No scho gudde Leeschtungen an de leschte Wochen ass et Dikrech um 8. Spilldag endlech gelongen, fir eppes Zielbares matzehuelen. An engem enke Match huet sech Dikrech mat 25:24 duerchgesat. Den decisive Gol huet de Leone Santos de Almeida a leschter Sekonn markéiert. An der Paus louch de Chev mat 8:10 hannen.

Den HC Bierchem hat sech ënnert der Woch an enger virgezunner Partie ouni Problem 35:18 beim HC Standard duerchgesat an d'Tabelleféierung bis op Weideres behalen.

D'Damme-Championnat rout och nach eng Woch, well d'Nationalekipp dëse Weekend an der Qualifikatioun fir d'Weltmeeschterschaft 2025 am Asaz ass.