Ettelbréck klappt Hiefnech, Walfer Profi Ayers mat 52 Punkte géint Mamer

De Weekend stoung an der Enovos League bei den Dammen an den Hären de 7. Spilldag um Programm.
Hären
D'Amicale Steesel setzt sech däitlech mat 87:62 géint d'Sparta Bartreng duerch. No enger ausgeglachener éischter Hallschecht huet de Champion no der Paus den Tempo ugezunn a sech ofgesat. Och ouni den Alex Laurent, dee sech am éischte Véierel blesséiert hat, konnt Steesel de Match dominéieren. De Jarvis Williams hat mat 27 Punkten am beschte getraff bei der Lokalekipp.
Tëschent dem T71 Diddeleng an dem Opsteiger Munneref stoung et 4 Minutte viru Schluss 81:81 gläich. D'Schlussphas huet d'Lokalekipp allerdéngs dominéiert a wënnt de Match um Enn mat 101:85. D'Profispiller Randolph a Colbert hu beim T71 zesummen 63 Punkte markéiert.
Spannend war de Match an der Fiels. Hei konnt sech de Basket Esch108:102 no Verlängerung géint d'Arantia behaapten. De Quinten Nelson konnt 29 Punkte fir d'Gäscht geheien, den Thomas Grün konnt 19 Punkten an 9 Assists zur Victoire bäisteieren.
Den AB Conter setzt sech no engem schwaache Start an de Match auswäerts mat 83:70 géint d'Musel Pikes duerch. De Riley Grigsby konnt der Partie mat 27 Punkten säi Stempel opdrécken.
Um Sonndeg huet sech d'Etzella Ettelbréck géint Hiefenech duerchgesat a bleift domat als eenzeg Ekipp ongeschloen. An der Paus stoung et nach gläich, am drëtte Véierel huet d'Lokalekipp sech lues a lues ofgesat. Den Opsteiger, bei deem mam Joshua Keys en neie Profispiller am Asaz war, huet awer net labber gelooss a sech am véierte Véierel bis op 5 Punkten zeréckgekämpft.
Ettelbréck ass et an der Schlussphas gelongen, de Match nees ze kontrolléieren a mat 93:83 ze gewannen. E staarke Jimmie Lee Taylor, deen 30 Punkte markéiert huet, gouf ënnerstëtzt vum Nationalspiller Philippe Gutenkauf mat 23 Punkten.
Alley oop vum Ettelbrécker Jimmie Taylor
D'Résidence Walfer hat zu Mamer um Enn vum drëtte Véierel scho wéi de séchere Gewënner ausgesinn, wéi d'Gäscht 84:69 a Féierung louchen. D'Lokalekipp huet de Match allerdéngs am véierte Véierel gedréint, 4 Minutte viru Schluss stoung et 98:98 gläich. De Spiller vum Match, Leon Ayers, huet och an dëser Phas iwwerzeegt an dofir gesuergt, dass Walfer sech mat 111:104 duerchsetzt. Net manner wei 52 Punkten huet den Profi vun de Gäscht markéiert, en Héchstwäert an der Enovos League dës Saison.
Dammen
Bei den Damme gouf de komplette Spilldag um Samschdeg gespillt. De Champion Gréngewald Hueschtert huet den éischten Tour vun der Saison ongeschloen ofgeschloss, dat no enger klorer 92:54-Victoire géint d'Musel Pikes, déi hirersäits nach keng Victoire um Kont hunn an no engem Nofollger fir den Trainer Anan Majdi sichen. 31 Punkten huet d'Alexus Johnson zur Victoire vum Champion bäigesteiert.
Den T71 Diddeleng wënnt kloer mat 89:63 géint Wolz, dat ënner dem Impuls vum Lauren VanKleunen, si konnt 30 Punkte markéieren.
D'Sparta Bartreng deklasséiert de Basket Esch auswäerts mat 103:65. Bei de Gäscht hu 5 Spillerinne op d'mannst 11 Punkte geworf.
Den AB Conter setzt sech iwwerraschend däitlech mat 80:50 zu Steesel duerch. D'Beyonce Bea konnt 27 Punkte markéieren, d'Esmeralda Skrijelj huet géint hire fréiere Club mat 14 Punkten an 13 Rebounds iwwerzeegt.
D'Enovos League bei den Damme geet elo an eng kuerz Paus, well d'Dammennationalekipp Ufank November wäert am Asaz sinn. Dat mat zwee Heemmatcher an der Coque um Kierchbierg, de 7. November géint Montenegro an den 10. November géint d'Schwäiz.