Stroossen eng Ronn weider, Bartreng ass eliminéiert

© AFP (Archiv)
E Sonndeg war et d'Suite vun den 1/8-Finalle vun der Coupe de Luxembourg.
Bei den Hären huet sech um Sonndeg den Owend de grousse Favorit vu Stroossen däitlech mat 3:0 (25:15, 25:18, 25:15) zu Stengefort (D3) duerchgesat. Eng Ronn weider ass och de CHEV. Déi Dikrecher konnten auswäerts zu Péiteng mat 3:0 gewannen a stinn an de Véierelsfinalle vun der Coupe.
An deenen zwee anere Matcher huet sech Fenteng géint de GYM mat 3:0 behaapt a Walfer konnt sech mat 3:1 zu Bissen duerchsetzen.
Bei den Häre si schon e Samschdeg den Owend zwou Partië vun den 1/8-Finalle gespillt ginn. Mat Luerenzweiler a Bartreng stounge sech zwee Veräiner aus der National Divisioun géintiwwer. Um Enn huet sech Luerenzweiler mat 3:0 behaapt. Donieft ass Esch senger Favoritteroll zu Wolz gerecht ginn. Mat engem kloren 3:0 huet een de Veräin aus der 3. Divisioun eliminéiert. Donieft steet och Iechternach duerch een 3:0-Forfait géint de Belair am nächsten Tour.
Bei den Damme gouf um Sonndeg nach e Match gespillt. Hei huet sech den Titelverdeedeger Mamer mat 3:0 (25:16, 25:18, 25:18) konnten zu Stengefort duerchsetzen a stinn domat am nächsten Tour.
E Samschdeg schon gouf et een Duell tëscht zwou Ekippen aus der National Divisioun. D'Gym huet sech hei kloer mat 3:0 zu Iechternach duerchgesat. Déi weider Veräiner aus der héchster Divisioun (Walfer, Bartreng, Esch a Péiteng) hunn hir Matcher géint Veräiner aus méi niddregen Divisiounen och kloer mat 3:0 gewonnen. Da gouf et awer och zwee Matcher tëscht Veräiner aus der 1. Divisioun. Hei huet sech Stroossen mat 3:0 géint Wolz duerchgesat a schonn den 23. Oktober hat de Belair Dikrech mat 3:1 geklappt.