De Basket Esch trëfft op Walfer, Ettelbréck spillt géint Bartreng

© Emile Mentz (Archiv)
Um Samschdeg goufen am Basket d'1/4-Finalle vun der Coupe bei den Dammen an den Hären an der Fiels ausgeloust.
D'1/4-Finalle stinn de 4. an 5. Dezember um Programm, d'Gewënner dierfe sech iwwer d'Partizipatioun an den 1/2-Finallen an der Coque um Kierchbierg freeën.
An der "Loterie Nationale Coupe de Luxembourg" bei den Hären trëfft de Coupe-Gewënner Résidence Walfer auswäerts op de Basket Esch. D'Etzella Etzella Ettelbréck kritt Besuch vun der Sparta Bartreng. De Racing Lëtzebuerg aus der Nationale 2 geet mat engem Virsprong vun 10 Punkten an de Match géint d'Amicale Steesel an d'Fiels huet Heemvirdeel géint d'Musel Pikes.
Am "Lalux Ladies Cup" bei den Dammen trëfft ënner anerem de Coupe-Gewënner Gréngewald Hueschtert auswäerts op d'Musel Pikes. Och bei den Dammen ass nach eng Ekipp aus der Nationale 2 an der Coupe, de Black Star Miersch start mat engem Virsprong vun 10 Punkte géint d'Sparta Bartreng. Diddeleng wäert mat Heemvirdeel an de Match géint Steesel goen a Wolz kritt Besuch vum AB Conter.