Den Tabelleleader Déifferdeng gewënnt géint Rouspert. D'Jeunesse Esch a Munneref kréien och dräi Punkten. D'Fola a Péiteng trenne sech ouni Goler.

Den Duell tëscht den Opsteiger Rodange a Beetebuerg war och en Duell vun Tabellennoperen - Rodange hat 8 Punkte virum Match, Beetebuerg der 7. No intensiven 90 Minutte konnt Beetebuerg déi drëtt Victoire an der Saison feieren. Si gewannen 2:1 zu Rodange an zéien an der Tabell laanscht d'Ekipp vum Trainer El Alaoui.

Beetebuerg hat laang Zäit d'Kontroll iwwer de Match, mee de Ball wollt net am Filet landen, och well den Mfa alles bis dohin alles gehalen hat. Rodange goung virun der Paus mat e bësse Gléck a Féierung an hat no der Giel-Rouder Kaart fir de Kaboré ee Mann méi um Terrain. Dëst Iwwergewiicht konnt d'Ekipp aus dem Dräilännereck awer net halen. An der 57. Minutt kruten d'Gäscht en Eelefmeter zougesprach, deen de Bonet eragesat huet. Wéi jidderee gemengt hat, d'Punkte géinge gedeelt ginn, huet de Bernardo zougeschloen a Beetebuerg dräi wichteg Punkten am Kampf géint den Ofstig geséchert.

Um Verluerekascht kruten d'Zuschauer insgesamt siwe Goler ze gesinn, wat um Enn e 5:2 fir de Racing géint Monnerech bedeit. Dobäi louchen d'Gäscht no 55 Minutten 2:0 a Féierung, mee dunn huet de Racing den Turbo gezünt a bannent 15 Minutte war de Match gedréint. Spiller vum Match war de Mabella, deen en Hattrick opweise konnt a beim 5:2 e Fräistouss direkt am géigneresche Gol ënnerbruecht huet.

Am Spëtzematch vum 11. Spilldag huet sech Diddeleng mat 1:0 géint Nidderkuer behaapt. D'Spectateuren am Stade Jos Nosbaum hunn e gréisstendeels ganz schwaache Match ze gesi kritt. An der éischter Hallschent hate béid Ekippen net eng nennenswäert Golchance. Déi zweet Hallschent huet direkt mat engem Gol aus der Dréiung vum Rotundo ugefaangen an de Match huet un Intensitéit zougeholl.

De Burban hätt fir Nidderkuer e puermol den Ausgläich schéisse kënnen, seng Schëss waren awer net prezis genuch. Nodeem den F91 ab der 67. Minutt just nach zu Zéng um Terrain war, hu si sech an de leschte Minutten an all Ball geheit, fir déi dräi Punkten doheem ze behalen. De Progrès verléiert mat dëser Néierlag den Uschloss un de Leader Déifferdeng.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de GolerDéifferdeng - Rouspert 3:0

1:0 Jorginho (6', Eelefmeter), 2:0 Joca (8'), 3:0 El Idrissi (90'+2)

Racing - Monnerech 5:2

0:1 Robert (33'), 0:2 Robert (55'), 1:2 Mabella (63'), 2:2 Mabella (77'), 3:2 Chibani (78'), 4:2 Seydi (80'), 5:2 Mabella (85')

Wolz - Jeunesse Esch 2:3

0:1 Rodrigues (39'), 0:2 Teixeira (50'), 1:2 Gorny (57', Eelefmeter), 2:2 Romeyns (71'), 2:3 Klica (85')

Munneref - Hueschtert 3:1

1:0 Abdelkadous (16'), 1:1 Fernandes (25'), 2:1 Hasanbegovic (44'), 3:1 Hasanbegovic (89')

Fola Esch - Péiteng 0:0

Rodange - Beetebuerg 1:2

1:0 Atieda (40'), 1:1 Bonet (57', Eelefmeter), 1:2 Bernardo (87')

Diddeleng - Nidderkuer (18.30 Auer)

D'Tabell