Fir d'Jeanne Lehair war et eng Saison mat Héichten an Déiften. Mam David Lang, Gregor Payet a Linda Krombach bleift an Zukunft och ze rechnen.

Fir d'Jeanne Lehair gouf dës Saison vum Päsch verfollegt, konnt awer och gutt Resultater feieren. En techneschen Defekt um Vëlo zu Paräis, e Platten zu
Toulouse a virun der leschter Manche vun der Weltmeeschterschaft koum nach eng Erkältung dobäi. Trotzdeem ass zu Torremolinos eng fantastesch 6. Plaz erausgesprongen, wat d'Plaz 5 am Generalklassement bedeit huet.
 
Zanter senger 6. Plaz vu virun zwee Joer op der Weltmeeschterschaft war gewosst, dass den David Lang zu de beschte Juniore weltwäit gehéiert. Zu Torremolinos huet de jonken Athleet dëst mat enger 4. Plaz, 4
Sekonne vum Podium ewech, méi wéi confirméiert.

De Gregor Payet hat e Resultat an den Top30 ugepeilt, krut awer duerch Problemer mam Mo e Stréch duerch d’Rechnung gemaach an zum Schluss stoung eng 36. Plaz um Tablo. Säi grousst nächst Zil sinn d'Olympesch Spiller zu Los Angeles.

D'Lëtzebuerger Triathlon-Federatioun huet, ënner anerem mat de Gesëschter Linda a Mara Kromach a mam Eva Daniels, nach eng Rei villverspriechend Athleete fir d'Zukunft, déi zu Torremolinos wichteg Erfarunge gesammelt hunn.