Ballon d'Or 2024
De Spuenier Rodri gouf ausgezeechent, Real Madrid boykottéiert d'Zeremonie

De Spiller vu Man City setzt sech iwwerraschend géint de Vinicius Junior vum Real Madrid duerch.
Aus Protest huet deen a säi Club Real Madrid d'Zeremonie zu Paräis boykottéiert. Real Madrid géing net dohinner goen, wou een net respektéiert géif ginn, sou d'Erklärung. Real Madrid krut um Méindeg den Owend de Präis fir déi bescht Ekipp. Et war awer keen do, fir dee Präis entgéint ze huelen.

De Lamine Yamal vu Barcelona krut den Raymond Kopa-Präis fir de beschte Spiller ënner 21 Joer.
Bei de Frae setzt sech d'Aitana Bonmati vu FC Barcelona duerch.
De Ballon d'Or gëtt et zënter 1956.
Am meeschte gelies