En Dënschdeg goufen am däitsche Futtball déi éischt Matcher vun der zweeter Ronn vum DFB-Pokal gespillt.

VfL Wolfsburg - Borussia Dortmund 1:0
1:0 Wind 117'
Bei Borussia Dortmund leeft et dës Saison weider net ronn. Beim VfL Wolsburg huet d'Ekipp vum Trainer Nuri Şahin no der Champions League an der Bundesliga déi drëtt Defaite an enger Woch kasséiert. Well et no 90 Minutten nach 0:0 stoung, ass et an d'Verlängerung gaangen. Do huet de Jonas Wind dräi Minutte virum Eelefmeterschéisse fir d'Decisioun gesuergt.

Leverkusen - Elversberg 3:0
1:0 Schick 2', 2:0 Schick 9', 3:0 Garcia 36'

Den Titelverdeedeger Leverkusen hat wéineg Probleemer géint den Zweetligist Elversberg an huet sech no Goler vum Schick an der 2. an 9. Minutt an engem Gol vum Garcia an der 36. Minutt fir d'Aachtelsfinall vun der Kompetitioun qualifizéiert.

Leipzig - St.Pauli 4:2
1:0 Poulsen 12', 2:0 Baumgartner 17', 2:1 Gilavogui 28', 3:1 Poulsen 30', 3:2 Smith 58', 4:2 Nusa 80'

Den Opsteiger St. Pauli huet auswäerts zu Leipzig staark dogéint gehalen. Ma um Enn setze sech d'Haushäre mat 4:2 duerch. De Poulsen hat de Score an der 12. Minutt opgemaach. De Baumgartner huet nëmme fënnef Minutten drop op 2:0 gestallt. An der 28. Minutt ass de Gäscht dann duerch de Gilavogui den Uschloss gelongen. Ma nëmmen zwou Minutten drop huet de Poulsen mat sengem zweete Gol den Ecart vun zwee Goler nees hiergestallt.

An der 58. Minutt huet de Smith d'Gäscht dann nees op ee Gol erubruecht. Schliisslech huet den Nusa an der 80. Minutt fir de 4:2 fir Leipzig gesuergt.

Augsburg - Schalke 3:0
1:0 Claue-Maurice 26', 2:0 Maier 87', 3:0 Essende 90'

Augsburg huet sech dann am Endeffekt kloer géint Schalke duerchgesat. D'Haushären hunn dräimol op de Gol geschoss an dräimol getraff. De Claude-Maurice huet seng Ekipp an der 26. Minutt a Féierung bruecht. Duerno sollt sech de Spectateuren en zéie Match bidden, ma um Enn hu Maier an Essende mat Goler an der 87. an 90. Minutt fir kloer Verhältnisser gesuergt.

Offenbach - Karlsruhe 0:2
0:1 Siwsiwadse 61', 0:2 Beifus 72'

Stuttgart - Kaiserslautern 2:1
1:0 Woltemade 14', 1:1 Tomiak 43' E., 2:1 Führich 78'

Stuttgart ass virun eegenem Public duerch e Gol vum Woltemade an der 14. Minutt a Féierung gaangen. An der 41. Minutt foult de Stenzel dann de Ritter um Bord vum Strofraum. Obwuel de Foul wuel éischter baussent dem Siechzéngter war, decidéiert den Arbitter op Eelefmeter. Den Tomiak mécht deen dann an der 43. Minutt eran, sou dass et mat 1:1 an d'Paus geet.

Ma de Führich suergt an der 78. Minutt fir den 2:1, mat deem de Match dann och op en Enn geet.

Köln - Kiel 3:0
1:0 Lemperle 8', 2:0 Waldschmidt 84', 3:0 Waldschmidt 97'

Den Zweetligist Köln ka sech dann doheem géint de Bundesligaopsteiger Kiel duerchsetzen. De Lemperle bréngt d'Haushären an der 8. Minutt a Féierung an de Waldschmidt suergt mat zwee Goler an der 84. a 97. Minutt fir d'Decisioun.

Regensburg - Fürth 1:0
1:0 Bulic 59'