Um Samschdeg ware 4 vu 5 Matcher vum 9. Spilldag am nationale Futtball-Championnat bei den Dammen.

Am Spëtzematch vum Spilldag huet Hesper sech mat 2:0 zu Jonglënster behaapt, woumat een op 2 Punkten um Racing drubleift.

D'Union Mäertert-Waasserbëlleg hat doheem keng Chance géint de Racing, soudass ee sech um Enn huet misse mat 0:9 geschloe ginn.

Zu Dikrech huet d'Lokalekipp mat 1:4 géint Ell de Kierzere gezunn, déi domat Punkten op Jonglënster op Plaz 3 guttmaachen.

Déifferdeng hat keng Schwieregkeete géint d'Entente Housen / FF Norden an huet sech op friemem Terrain däitlech mat 8:0 duerchgesat.

D'Partie tëscht der Entente Wuermer / Mënsbech / CSG a Mamer soll den 20. November nogeholl ginn.