D'Posten am Verwaltungsrot vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun, déi nom leschte Kongress nei ze besetze waren, sinn elo confirméiert.

Den Alex Krüger iwwerhëlt d'Roll vum Charles Schaack als Responsabele vum Arbitrage, den Alain Hamer iwwerhëlt am Arbitrage de Rôle als Mentor vun den internationalen Arbitteren an ass och fir déi international Relatiounen am Arbitrage zoustänneg. Den Erny Decker, dee jorelaang Personalchef bei der FLF war an elo a senger Pensioun nei an de Verwaltungsrot gewielt gouf, iwwerhëlt de Ressort vun de Finanze vum Christian Hess, deen net méi genuch Stëmme krut. fir an den CA ze kommen.