Liverpool klappt Leverkusen, Sporting iwwerrascht ManCity

© afp
Fir den Optakt vum 4. Spilldag an der Champions League huet Liverpool 4:0 géint Leverkusen gewonnen. Donieft gouf et e puer Iwwerraschungen.
Sporting Lissabon huet sech doheem géint Manchester City behaapt. Eng Defaite gouf et am eegene Stadion fir Real Madrid géint den AC Mailand.
Nodeems Lille béid Ekippe vu Madrid geklappt huet, gouf et um Dënschdeg en 1:1-Remis géint Juventus. Donieft huet Celtic géint Leipzig d'Iwwerhand behalen. Dortmund a Monaco hu géint Sturm Graz a Bologna och 3 Punkte kritt.
Am fréien Owend hunn de PSV an Dinamo Zagreb hir Matcher souverän gewonnen.
Liverpool - Leverkusen 4:0
1:0 Diaz (61'), 2:0 Gakpo (63'), 3:0 Diaz (83'), 4:0 Diaz (90+2')
Zu Liverpool ass an den éischten 30 Minutten net vill passéiert. Leverkusen hat méi de Ball, Liverpool konnt offensiv méi Akzenter setzen. No 7 Minutte gouf dem Gakpo säi Schoss aus gudder Positioun ofgeblockt. An der 14. Minutt huet den Jones ze zentral ofgeschloss. Vun de Gäscht gouf et zwee harmlos Ofschlëss vum Tapsoba a vum Boniface.
Déi lescht 10 Minutte virun der Paus ware méi animéiert. E Fräistouss aus 18 Meter vum Alexander-Arnold huet näischt abruecht. Kurz virum Téi war de Salah iwwer riets duerch, säin Ofschloss konnt de Hradecky paréieren. Am Géigenzuch louch de Ball am Filet vu Liverpool. De Gol vum Frimpong huet awer wéinst engem Handspill net gezielt. An der Nospillzäit ass de Gakpo nach eng Kéier geféierlech am Strofraum opgedaucht, de Hradecky stoung awer nees richteg.
Nom Téi war an enger éischter Phas kee Rhythmus an der Partie an et gouf op béide Säite vill Ballverloschter. Liverpool war awer present an den Zweekämpf an de Salah huet zweemol ofgeschloss. Tëscht der 60. an der 63. Minutt huet d'Heemekipp dunn awer direkt zweemol de Ball am Gol ënnerbruecht.
Fir d'éischt konnt den Diaz no enger flotter Pass vum Jones den 1:0 markéieren. Kuerz drop huet de Gakpo dem Salah seng Flank verwäert.
Leverkusen huet elo probéiert méi offensiv ze agéieren a koum duerch de Boniface an der 68. Minutt geféierlech virun de Gol, säi Kappball sollt awer laanscht goen. D'Heemekipp huet elo de Match geréiert an den Diaz konnt mat sengem zweete Gol an der 83. Minutt den Deckel op d'Partie maachen.
An de leschte Minutten hunn d'Gäscht duerch de Schick, de Wirtz an den Andrich probéiert den Éieregol ze markéieren, de leschte Gol ass awer nach emol fir d'Reds gefall. Op en Neits huet den Diaz getraff. Et war säin drëtte Gol vum Owend. D'Englänner hunn no 4 Matcher de Maximum vun 12 Punkten um Kont.
PSV Eindhoven - Girona 4:0
1:0 Flamingo (16'), 2:0 Tillman (33'), 3:0 Bakayoko (83'), 4:0 Krejci (89', Selbstgol)
Slovan Bratislava - Dinamo Zagreb 1:4
1:0 Strelec (5'), 1:1 Spikic (10'), 1:2 Sucic (30'), 1:3 Kulenovic (54'), Kulenovic (72')
Dortmund - Sturm Graz 1:0
1:0 Malen (86')
Lille - Juventus 1:1
1:0 David (27'), 1:1 Vlahovic (60', Eelefmeter)
Bologna - AS Monaco 0:1
0:1 Kehrer (87')
Celtic - RB Leipzig 3:1
0:1 Baumgartner (24'), 1:1 Kuhn (35'), 2:1 Kuhn (45+2'), 3:1 Hatate (72')
Real Madrid - AC Mailand 1:3
0:1 Thiaw (12'), 1:1 Vinicius jr. (23'), 1:2 Morata (39'), 1:3 Reijnders (73')
Sporting - Manchester City 4:1
0:1 Foden (4'), 1:1 Gyökeres (38'), 2:1 Araujo (46'), 3:1 Gyökeres (49', Eelefmeter), 4:1 Gyökeres (81')
All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Tabell, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.