Inter wënnt géint Arsenal, PSG verléiert géint Atlético

© Matthieu Mirville/DPPI via AFP
No enger Partie ouni vill Héichpunkten huet den Calhanoglu mat sengem Gol Inter déi 3 Punkte geséchert.
Nom 4. Spilldag steet de PSG no der 1:2-Néierlag an der leschter Minutt géint Atlético Madrid an der Tabell just op der 25. Plaz a wier den Ament mat 4 Punkten eliminéiert. De nächste Géigner fir d'Fransouse sinn d'Bayern, déi knapp géint Benfica gewanne konnten.
Souverän Victoirë gouf et dogéint fir Barcelona a Brest, déi ënnert den éischten 8 an der Tabell stinn.
Bergamo, Donetzk a Salzburg konnte sech an hire Matcher och duerchsetzen. Déi éischt Néierlag gouf et fir Aston Villa zu Bruges. Liverpool bleift domadder an der Tabell déi eenzeg Ekipp mam Maximum vun 12 Punkten.
Inter Mailand - Arsenal 1:0
1:0 Calhanoglu (45+3')
D'Heemekipp war am San Siro direkt hellwaakreg an hat an den éischte Minutten zwou gutt Chancen. Fir d'éischt huet den Dumfries no enger Flank vum Zielinski d'Lat getraff. Kuerz drop goung dem Calhanoglu säi Wäitschoss knapp laanscht de Gol.
Arsenal huet an enger éischter Phas fréi gepresst, Inter konnt déi éischt Pressinglinnen awer einfach iwwerspillen. Den Tempo war séier aus der Partie eraus a béid Ekippen hu sech neutraliséiert. An der 28. Minutt huet de Merino no engem Sommer-Feeler knapp laanscht gekäppt. Fir de Rescht hu béid Ekippen offensiv bis an d'Nospillzäit näischt ugebueden. No engem Fräistouss fir Inter huet de Merino de Ball am Strofraum mat der Hand gespillt. Den Calhanoglu konnt de fällegen Eelefmeter mat der leschter Aktioun am Gol ënnerbréngen.
Arsenal ass mat Elan aus de Kabinne komm an huet sech duerch Martinelli a Saliba kleng Méiglechkeeten erausgespillt. Et war weiderhin net vill Spillfloss um Terrain ze gesinn, d'Gäscht sinn dem Gol awer méi no komm. No engem Corner huet den Dumfries missen op der Linn retten, kuerz drop konnt de Sommer e Schlenzer vum Havertz paréieren.
Den Trainer vun Inter huet mat engem dräifache Wiessel reagéiert, d'Heemekipp ass no der Paus net richteg an de Match komm. Eng eenzeg Chance gouf et duerch den Dumfries an der 72. Minutt. Arsenal huet dogéint an der Schlussphas alles probéiert, hat virum Gol net déi néideg Reussite. 15 Minutte viru Schluss huet de Bisseck e Schoss vum Havertz a Corner deviéiert. Inter stoung just nach hannendran, huet et awer fäerdeg bruecht, kee Géigegol ze kasséieren. No der knapper Victoire etabléiert sech Inter mat 10 Punkten an den Top-8 vun der Tabell. Arsenal huet op der 12. Plaz 7 Punkten.
Bruges - Aston Villa 1:0
1:0 Vanaken (52', Eelefmeter)
Shakthar - Young Boys Bern 2:1
0:1 Imeri (27'), 1:1 Zubkov (31'), 2:1 Sudakov (41')
Bayern München - Benfica 1:0
1:0 Musiala (67')
Belgrad - Barcelona 2:5
0:1 Martinez (13'), 1:1 Silas (27'), 1:2 Lewandowski (43'), 1:3 Lewandowski (53'), 1:4 Raphinha (55'), 1:5 Lopez (76'), 2:5 Milson (84')
Sparta Prag - Brest 1:2
0:1 Fernandes (37'), 0:2 Kairinen (80', Selbstgol), 1:2 Olatunji (90+2')
Feyenoord - RB Salzburg 1:3
0:1 Konaté (45+2'), 0:2 Konaté (58'), 1:2 Moussa (81'), 1:3 Guindo (86')
PSG - Atlético Madrid 1:2
1:0 Zaïre-Emery (14'), 1:1 Molina (18'), 1:2 Correa (90+3')
Stuttgart - Atalanta Bergamo 0:2
0:1 Lookman (51'), 0:2 Zaniolo (88')
All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Tabell, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.