En Donneschdeg de Mëtteg war zu Nyon den Tirage vun der nächster Nations-League-Campagne bei den Dammen.

D'Rout Léiwinne kréien et do am Grupp C3 mat Armenien, Kasachstan a Liechtenstein ze dinn. D'Matcher ginn tëscht Februar a Juni 2025 gespillt.