Haarde Kampf vun Diddeleng gëtt net belount

© Yannick Glod
D’Diddelenger Damme verléieren den Allersmatch géint JuRo Unirek VZV 22:30, hu sech awer deier verkaaft.
Nodeem sech Diddeleng am zweeten Tour géint Venéco Velo aus Holland duerchgesat hat, kritt den HBD et op en Neits mat enger hollännescher Ekipp ze dinn. Dës Kéier sinn et zwee Matcher géint JuRo Unirek VZV, dem aktuellen Tabellevéierten an der Eredivisie. Fir d’lescht stounge Kim Wirtz a Co an der Saison 2021/22 am drëtten Tour vum EHF European Cup.
An enger stëmmungsgeluedener Diddelenger Sportshal goung de Match mat honnert à l’heure lass. Béid Ekippen hunn den Tempo héich gehalen, mee d’Golkippesche waren op béide Säite gutt opgeluecht. D’Anne de Boer konnt op hollännescher Säit an den éischten 10 Minutte 7 Bäll entschäerfen, d’Pauline Leythienne am Diddelenger Gol koum op 3 Paraden. Béid hunn der éischter Hallschent mat enger Rëtsch Paraden hire Stempel opgedréckt.
Diddeleng hat et am Uschloss schwéier, duerch d’Verteidegung vun den Hollännerinnen ze kommen an huet vill Opwand fir seng Goler bedreiwe mussen. JuRo Unirek konnt sech kuerzzäiteg op 5 Goler ofsetzen (5:10, 18. Minutt), mee den HBD huet sech mat neie frësche Kräften zeréckgekämpft (9:11, 24. Minutt) – virun allem déi jonk Laura Ciufoli hat hiren Undeel dorunner (4 Goler). Trotzdeem stoung et an der Paus 15:11 fir d’Gäscht.
Nodeem d’Diddelengerinne sech bis zur 37. Minutt nees op ee Gol erugeschafft haten (15:16), sinn hinnen zwou Zäitstrofen hannerteneen zum Verhängnis ginn. Den Trainer Mikel Molitor huet a béide Situatiounen op 6 Feldspillerinnen ergänzt, mee duerch Feelpassen oder Feelschëss koum JuRo Unirek zu einfache Goler a konnt sech bis zur 45. Minutt op 22:15 ofsetzen.
Déi jonk hollännesch Ekipp, wou déi eelst Spillerin 29 Joer al ass, huet de Match duerno souverän zu Enn bruecht a sech dat néidegt Polster fir de Réckmatch verschaaft. Dat huet och de villen hollännesche Supporteren, déi sech op de Wee op Diddeleng gemaach haten, gefall.
Den HBD huet bis zum Schluss daper gekämpft, an et koum no engem 4:0-Laf (21:25) nach eng Kéier Hoffnung op e bessert Resultat op, mee um Enn gewënnt JuRo Unirek kloer a verdéngt 30:22.
Diddeleng muss no dësem Resultat seng Hoffnunge wuel begruewen, fir als éischt lëtzebuergesch Ekipp an d’Aachtelsfinall vum EHF European Cup anzezéien. De Retourmatch ass fir nächste Samschdeg zu ‘tVeld an Holland ugesat.
Op Diddelenger Säit hu virun allem d’Pauline Leythienne mat insgesamt 13 Paraden, d’Ninon Bolle als Ballverdeelerin an d’Sharon Dickes (7 Goler) souwéi d’Laura Ciufoli (5) ervirgestach.