Op der Pressekonferenz en Donneschdeg huet den Nationaltrainer Luc Holtz matgedeelt, datt de Leandro Barreiro e Freideg net spille wäert.

Nieft deenen Onroue ronderëm de Maxime Chanot sinn nei Suerge fir den Nationaltrainer Luc Holtz dobäi komm. Den Anthony Moris muss blesséiert fortfait erklären. Donieft muss den FLF-Coach och op ee weidere wichtege Spiller verzichten.

De Leandro Barreiro, deen am Summer vu Mainz op Benfica Lissabon gewiesselt ass, war viru Kuerzem blesséiert an huet déi lescht Matcher beim portugisesche Rekordchampion verpasst. No Récksprooch mat sengem Veräin gouf decidéiert, datt de Leandro Barreiro réischt e Méindeg géint Nordirland zum Asaz kënnt.

Luc Holtz: “Beim Leandro ass de Probleem, datt déi Responsabel am Veräin him eng Deadline gesat haten, wéini hie rëm kéint spillen. Mir wëllen eis do net driwwer ewechsetzen, sou datt den Leandro muer net spillt. Hie mécht muer eng Trainingsseance a spillt dann e Méindeg. Wéi laang hien do spillt, musse mir nach kucken.”

Ee Fragezeechen steet nach hannert der Golkipppositioun. Den Anthony Moris ka wéinst engem Muskelfaserrëss net spillen. Den Lucas Fox gouf zwar dofir nonominéiert. Allerdéngs wäert dem Nationaltrainer säi Choix entweder op den Tiago Pereira oder de Ralph Schon falen. Den FLF-Coach wollt en Donneschdeg awer nach net soen, wie muer am Gol steet.

Luc Holtz: “Déi Decisioun ass scho gefall. Ech war de leschte Mount ganz kloer an der Kommunikatioun mat deenen zwee Golkippen. Mir hu kloer definéiert, wien d’Nummer 2 an 3 ass, wann den Anthony Moris do ass. Deementspriechend ass et och kloer, wie muer spillt. Ech wëll et awer elo nach net onbedéngt soen.”

Am Allersmatch géint Bulgarien gouf et am Oktober een 0:0-Remis zu Plovdiv. Am Grupp C3 leien d’Bulgaren 3 Punkte virun de roude Léiwen op der 3. Plaz an der Tabell. Eng Victoire géint en direkte Konkurrent wier immens wichteg, fir den Ofstig an d’Liga D vun der Nations League ze evitéieren.

Luc Holtz: “Wa mir muer den Owend géife gewannen, da wiere mir viru Bulgarien an da kéim deen zweeten Match. Mee de Fokus läit lo komplett um Match vu muer. Do däerfe mir de Fouss net eng Kéier zeréckzéien a mir mussen alles investéieren, fir déi dräi Punkten hei ze halen.”

Lëtzebuerg géint Bulgarien kënnt dir um Freideg vun 20.30 Auer u bei eis um RTL Zwee, um Radio an um Internet live suivéieren.