Mike Tyson gëtt dem Jake Paul beim Weien eng op de Bak

© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Christian Petersen
Kuerz virum Showdown an der Nuecht op e Samschdeg tëschent der Box-Ikon Tyson an dem Social-Media-Star Paul, sinn d'Tensiounen nach emol héichgekacht.
Beim offizielle Weie sinn déi zwee nach emol uneneegeroden, woubäi den 58 Joer alen Tyson sengem 27 Joer ale Kontrahent eng op de Bak ginn huet. De Mike Tyson huet d'Zeen mat de Wierder "D'Geschwätz ass eriwwer" kommentéiert an doropshin d'Bün mat senger Ekipp verlooss. Den Jake Paul huet d'Aktioun fir d'éischt geloossen agestach a behaapt, en hätt et "net mol gespuert", ier en ugekënnegt huet den Tyson e Samschdeg auszeknocken. Zum Schluss huet en dunn nach gebierelt: "Elo ass et perséinlech! Hie muss stierwen".
De Mike Tyson an den Jake Paul wäerten e Freidegowend (Samschdeg um 2 Auer moies eiser Zäit) zu Arlington an Texas openeentreffen. Iwwerdroe gëtt den Event vum Streamingdéngscht Netflix. Dem Mike Tyson säi leschte Boxkampf ass véier Joer hier. Deemools, den 28. November 2020, hat hien an engem Schaukampf géint de Roy Jones Jr. gekämpft, de Match ass allerdéngs ouni Gewënner ausgaangen. Den Jake Paul huet vu sengen insgesamt aacht professionelle Boxkämpf bis ewell just een eenzege verluer.