
Auswäerts huet Lëtzebuerg mat 85:91 géint Irland verluer an domat no der 70:79 Defaite géint Nordmazedonien um Freideg déi zweet Defaite noenee kasséiert.
Eng ausgeglachen éischt Hallschecht hunn d’Supporter zu Dublin gesinn. D’Lokalekipp huet wuel den Takt uginn, Lëtzebuerg huet a Persoun vum Clancy Rugg (13 Punkten an der éischter Hallschecht) allerdéngs gutt reagéiert. Wéi schonn e Freideg haten d’Rout Léiwen allerdéngs kee Worfgléck aus der Distanz, nëmmen ee vun aacht Dräier huet d’Ekipp getraff bis zur Paus an Irland louch no 20 Minutten 39:35 a Féierung.
Am drëtte Véierel konnt Irland de Virsprong bis op 58:44 ausbauen. Mat engem 9:0 Laf huet Lëtzebuerg awer gewisen, dass des Partie nach net entscheet war. Och am véierte Véierel ass Lëtzebuerg zwar am Match bliwwen, konnt sech awer ni an d’Positioun bréngen, fir d’Féierung ze iwwerhuelen. 5 Minutte viru Schluss louchen d’Rout Léiwen 72:77 am Réckstand, um Enn hat Irland déi besser Schlussphas a setzt sech duerch.
Bei der FLBB-Selektioun huet de Clancy Rugg mat 23 Punkten am beschte getraff, de Philippe Gutenkauf (15) a Ben Kovac (17) hunn och zweestelleg getraff.
Déi leschten zwee Matcher am Grupp A stinn am Juli um Programm.
Lëtzebuerg - Irland 89:77
Aserbaidjan - Lëtzebuerg 90:95
Nordmazedonien - Lëtzebuerg 70:79
Irland - Lëtzebuerg 91:85
2. Juli: Lëtzebuerg - Aserbaidjan
5. Juli: Lëtzebuerg - Nordmazedonien
Nordmazedonien 4 Matcher / 8 Punkten
Lëtzebuerg 4 / 6
Aserbaidjan 4 / 5
Irland 4 / 5