De Chrono deen d‘Patrizia Van der Weken de vergaange Weekend a Polen realiséiert hat, nëmmen 9 Honnertstel vum Weltrekord ewech, kann een net all Weekend widderhuelen. D’Sportlerin vum Joer ass iwwerdeems aktuell an der Preparatioun vun der Weltmeeschterschaft déi an 3 Wochen a Polen stattfënnt. D‘Indoor Meeschterschafte waren deemno éischter eng Trainings-Kompetitioun. An dach mat engem Chrono vu 7:12 eng Confirmatioun vun der aktuell groussaarteger Form.
D’Sprinterin ass nieft de 60 Meter och iwwer 200 Meter un den Depart gaangen. Hei konnt d’Sprinterin mat 23,09 Sekonnen en neien nationale Rekord opstellen, iwwert eng Distanz déi si net spezifesch trainéiert.
D’Victoria Rausch war wéinst Krankheet net um Depart vum 60 Meter Hürden, Domadder war d’Dir fir de Championstitel fir d’Nowuesstalent Uyana Granger grouss op. Déi rezent Rekorder bei den U20 an U23 goufen haut awer net konforméiert.
D’Celtic’s Athletin Vera Bertemes- Hoffmann, ass eng 1500 an eng 3000 Meter Course gelaf. D’Chance fir eng Qualifikatioun fir d’WM si geréng.
E puer Athleten an Athletinnen, konnten hiren Titel vum leschte Joer konforméieren. Wéi zb d’Carole Kill op de 800 Meter, de Louis Muller am Dräisprong an de de Charel Gaspar am Héichsprong.