Neien nationale Rekord iwwer 200 MeterPatrizia van der Weken an Héichform

Bern Thill
D'Patrizia van der Weken konnt e Sonndeg an der Coque een neien nationale Rekord op den 200 Meter opstellen.
Neien nationale Rekord iwwer 200 Meter: Patrizia van der Weken an Héichform
D’Patrizia van der Weken konnt e Sonndeg an der Coque een neien nationale Rekord op den 200 Meter opstellen.

Fir d’Patrizia van der Weken kann all klengen Detail, souwuel an der Preparatioun, wéi och wärend der Course, eng grouss Roll spillen. Dat gëllt souwuel fir déi grouss Rendez-vousen, wéi och fir déi méi kleng, wéi d’Indoorschampionnat e Sonndeg an der Coque. Néng Honnertstel ass d’Sprintspezialistin vum 60 Meter Indoor-Weltrekord ewech. Wat néng Honnertstel Differenz op der Pist bedeiten, dat kann ee sech nëmme schwéier virstellen.

Mat 7.01 Sekonnen hat d’Patrizia van der Weken de leschte Weekend a Polen den drëttbeschte Chrono weltwäit fir dës Indoor-Saison realiséiert. Dem Patrizia säin Trainer war mol net iwwerrascht iwwert d’Performance déi vergaange Woch a Polen. Wärend dem Indoor-Championnat, huet d’Sportlerin vum Joer, déi aktuell exzellent Form confirméiert. Aus engem haarden Training eraus ass d’Sprinterin en exzellente Chrono iwwer d’60-Meter gelaf an huet ouni spezifeschen Training op den 200 Meter en neien nationale Rekord opgestallt. Elo bleiwen nach dräi Woche bis zur Indoor-Weltmeeschterschaft. Schéi wier et, wa bei déi zwou Medaile vun der vergaangener Saison nach eng derbäi kéim.

Back to Top
CIM LOGO