
E Sonndeg goufen dräi Matcher vum 5. Spilldag an der Playoffs gespillt. Récken ass um 5. Spilldag vum Playoff déi grouss Iwwerraschung gelongen a gewënnt doheem mat 6:2 géint den Tabelleleader Hueschtert-Foulscht. Mat jeeweils 6:1 ka sech den Houwald an eegener Hal géint Lénger duerchsetzen a Berbuerg léisst Lëntgen keng Chance.
An der Tabell schléisst Hueschtert-Foulscht trotz der Néierlag d’Playoff op der 1. Plaz oof, 1 Punkt virum DT Houwald an dem DT Lénger. De Vize-Meeschter Berbuerg ka sech duerch Victoire géint Lëntgen um leschte Playoff Spilldag nach déi 4. Plaz an der Tabell sécheren.