An der Wanterpaus elo wäert de Kevin Malget den FC Wolz 71 verloossen an an der Réckronn fir Useldeng an der 1. Divisioun spillen.

De fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller huet RTL-Informatiounen no e Kontrakt vun annerhallwem Joer beim Tabellenzéngten aus der 1. Divisioun, 1. Bezierk ënnerschriwwen.

Den 33 Joer ale Futtballer huet 36 Matcher am Dress vun de Roude Léiwe gespillt an huet wärend senger Karriär 220 Matcher an der BGL Ligue gespillt, dat fir Wolz, Hesper a virop Diddeleng. Mam F91 war den Defenseur och 2018 an der Europa League vertrueden.