Beim Davis Cup zu Malaga ass e Mëttwoch dem Rafael Nadal seng Karriär op en Enn gaangen, dat mat enger 1:2-Néierlag géint Holland.

Deemno huet den 22-fache Grand-Slam-Gewënner d'Chance verpasst, sech mat engem leschte groussen Erfolleg ze verabschiden. Spuenien huet sech mat 1:2 géint Holland an der Véierelsfinall misse geschloe ginn.

D'Malaga Arena war komplett ausverkaaft fir de leschte Match vum Rafael Nadal. Den Nadal koum als éischte Spuenier an den Asaz a war am Eenzel zweemol mat 4:6 dem Botic van de Zandschulp ënnerleeën. An der Suite konnt de Carlos Alcaraz mat enger Victoire géint den Tallon Griekspoor ausgläichen, ma am decisiven Dubbel konnten d'Hollänner sech knapps duerchsetzen. Et war déi leschte Kéier, dass de Rafael Nadal als aktive Profispiller um Terrain stoung. Mat 38 Joer huet eng vun de gréissten Tennis-Legenden elo also Äddi gesot.

"A Realitéit wënscht ee sech, datt dëse Moment ni kënnt. Wann ech éierlech sinn, ass et net d'Loscht um Tennis spillen, déi mer verluer gaangen ass, et ass vill méi sou, datt mäi Kierper op engem Punkt ass, wou et net méi geet. Dës Situatioun muss een akzeptéieren. Ech fille mech privilegéiert, datt ech mäin Hobby konnt zu mengem Beruff maachen an datt meng Karriär méi laang gedauert huet wéi ech mer dat hätt kéinte virstellen. Ech kann all deene Léit, déi mech begleet hunn, menger Famill a menger Ekipp, och menge Frënn, nëmme villmools Merci soen."

22 Grand-Slam-Titele konnt hie gewannen, 14 dovu bei Roland Garros. 2008 huet hien d'Goldmedail bei Olympia gewonnen an hie war 209 Woche laang d'Nummer 1 an der Weltranglëscht. Obwuel hien an de leschte Joren ëmmer nees mat Blessuren ze kämpfen hat, huet hien um Terrain ëmmer alles ginn a war fir all Géigner eng Erausfuerderung. De "Rafa", wéi e vu senge Fans genannt gëtt, wäert all Tennissupporter nach laang Zäit an Erënnerung bleiwen, sief et wéinst de sëllege Spëtzematcher géint Federer, Djokovic a Co. oder wéinst sengem kämpferesche Spillstil.

Roger Feder seet dem "Rafa" Äddi mat engem emotionale Message

Scho viru sengem leschte Match a senger Karriär en Dënschdeg hat de Spuenier bei der Nationalhymn zu Malaga virun 11.300 Spectateuren, déi alleguerten "Rafa, Rafa" geruff hunn, schonn Tréinen an den Aen. Et war een emotionalen Abschid fir de Rafael Nadal.

Emotionalen Abschid a Biller

"Ech kommen aus engem klengen Duerf op Mallorca an hat déi grouss Chance, datt mäi Monni Tennistrainer an deem Duerf war. Ech hat eng groussaarteg Famill, déi mech zu all Moment ënnerstëtzt huet. Ech war e Kand, dat säin Dram hat an haart geschafft huet, fir dohinner ze kommen, wou ech haut sinn. Fir éierlech ze sinn, ginn et vill Léit, déi Dag fir Dag schwéier schaffen, hiert Bescht ginn, ech hat eben d'Chance, datt d'Liewe mir d'Chance ginn huet, fir onvergiesslech Momenter duerch den Tennis ze erliewen. Ech géif mer wënschen, datt ech als gutt Persoun an als een, dee säin Dram verfollegt huet, an Erënnerung ze bleiwen."

Den Nadal krut am Laf vun der Zeremonie Videomessagë vu sengen ale Konkurrente wéi Djokovic, Federer, awer och vun de spuenesche Futtballstaren Iniesta a Raul agespillt.