Coupe de Luxembourg
Péiteng qualifizéiert sech fir d'Aachtelsfinallen

E Mëttwoch den Owend war am nationale Futtball een Nodrosmatch vun de 1/16-Finallen an der Coupe de Luxembourg.
Hei war et de Match CS Fola Esch géint Union Titus Péiteng, deen nogeholl gouf. Um Schluss konnt Péiteng sech mat 3:1 duerchsetzen an ass domadder fir d'Aachtelsfinallen an der Coupe de Luxembourg qualifizéiert.
Eng Plaz an den Aachtelsfinallen ass elo nach op. De 27. November gëtt nach de Match Bieles géint Munneref gespillt.
D'Auslousung vun der nächster Ronn an der Coupe ass den 2. Dezember um 12.30 Auer.
Den Iwwerbléck vun de Resultater
Am meeschte gelies