Vun 2015 bis 2024 war de Ralph Schon d’Nummer 2 am Lëtzebuerger Gol. Zanter e Méindeg ass awer elo Schluss an der Futtballnationalekipp.

An engem Gespréich mam Nationaltrainer Luc Holtz am Oktober krut de Ralph Schon matgedeelt, datt an Zukunft den Tiago Pereira d’Nummer 2 am Lëtzebuerger Gol wier. Dem 34 Joer ale Golkipp no wier dëst Gespréich ganz oppen an éierlech gewiescht. Hie géing déi Decisioun verstoen, sou de Ralph Schon weider.

De 34 Joer ale Papp vu engem klengen Bouf huet dunn no deenen zwee leschte Matcher an der Nations League géint Bulgarien an Nordirland decidéiert aus der Nationalekipp zeréck ze trieden, fir engersäits méi Zäit mat senger Famill ze verbréngen. Donieft och wéinst sengem Beruff als Schoulmeeschter. Duerch déi vill Trainingsstagen an Auswäertsreesen mat der Nationalekipp konnt de Ralph Schon net ëmmer bei senger Klass sinn. E weidere Grond fir säi Récktrëtt.

9 Joer laang war de gebiertegen Éisleker eng fest Gréisst an der Nationalekipp. 19 Mol stoung de Golkipp vum FC Wooltz 71 fir d’rout Léiwen tëscht de Pottoen. E Méindeg gouf de Ralph Schon an der 74. Minutt géint Nordirland agewiesselt. Eng speziell Situatioun, vun där hien am Virfeld näischt wousst.

De Sonndesinterview mam Ralph Schon - de leschte Match
E Méindeg gouf de Ralph Schon an der 74. Minutt géint Nordirland agewiesselt, eng speziell Situatioun...

Géint den Arjen Robben

Fir déi éischte Kéier gouf de Ralph Schon am Joer 2015 selektionéiert. Deemools nach als Spiller vu sengem Jugendveräin FF Norden 02, deen déi Zäit nach an der Éierepromotioun gespillt huet. Déi éischte Kéier um Terrain stoung de gebiertegen Éisleker 2016.

Nodeems den Anthony Moris wéinst enger Blessur forfait erkläert hat, stoung de Golkipp an der WM-Qualifikatioun géint Holland am Stade Josy Barthel tëscht de Pottoen. An der selwechter Campagne gouf de Ralph Schon no 20 Minutten verletzungsbedéngt fir den Anthony Moris géint Frankräich agewiesselt a huet och zu Rotterdam géint d’”Oranje” op en Neits säi Mann misse stoen.

Speziell am Kapp bliwwen sinn dem Ralph Schon awer och déi zwee Lännermatch Rendezvousen am November 2021. Den Anthony Moris konnt deemools wéinst engem positiven Corona-Test net spillen.

De Sonndesinterview mam Ralph Schon - Erënnerungen
Speziell am Kapp bliwwen sinn dem Ralph Schon déi zwee Lännermatch Rendezvousen am November 2021.

Verbonnenheet zur Heemecht

Anescht wéi de Gros vun den Nationalspiller huet de Ralph Schon d’FLF-Futtballschoul net duerchgemaach. Doduerch datt seng Elteren um eegene Bauerenhaff zu Wäiswampech geschafft hunn, war den Trajet op Monnerech zäitlech net méiglech.

Sou koum et dann och datt den 19-fachen Nationalspiller a sengem Heemechtsduerf Wäiswampech ugefaangen huet mat Futtball spillen. Beim FF Norden 02 huet de Ralph Schon dunn och de Laurent Jans kënne geléiert, mat deem hie souwuel an der Jugend wéi och an der 1. Ekipp vum Fusiounsveräin aus Éislek an herno och bei der Nationalekipp zesumme gespillt huet. Zanter e puer Joer wunnt de 34 Joer ale Golkipp nees zu Wäiswampech. D’Verbonnenheet mat sengem Heemechtsveräin ass ëmmer bestoe bliwwen.

De Sonndesinterview mam Ralph Schon - Heemecht
D’Verbonnenheet mat sengem Heemechtsveräin ass ëmmer bestoe bliwwen.