Um Samschdeg war den 12. Spilldag am nationale Futtball-Championnat bei den Dammen.

De Racing huet sech no zwee fréie Goler mat 2:1 géint d'Entente WMG duerchgesat a bleift domat ongeschloen.

Zu Déifferdeng huet d'Lokalekipp géint Ell d'Iwwerhand behalen a sech souverän mat 3:0 déi 3 Punkte geséchert.

Duerch dräi Goler am éischten Duerchgang huet Hesper doheem 3:0 géint Mamer gewonnen a bleift domat zwee Punkten hannert dem Racing op Plaz 2.

Jonglënster hat keng Problemer géint d'Entente Housen / FF Norden an huet sech däitlech mat 8:0 behaapt.

Och Dikrech hat auswäerts géint d'Union Mäertert-Waasserbëlleg e gudden Dag erwëscht a ka sech iwwer eng 5:0-Victoire freeën.