Den däitsche Kulttrainer mat der "Schiebermütze" muss no knapp 9 Méint schonn nees goen.

Den Hamburger Sportverein huet e Sonndeg matgedeelt, dass e säin Trainer Steffen Baumgart entlooss huet. Dëse Schratt kënnt net iwwerraschend, well den HSV an der 2. Bundesliga déi lescht 5 Matcher ouni Victoire blouf. E Samschdeg hat ee sech 2:2 mat Schalke getrennt, wat bei den HSV-Cheffen den Ausschlag ginn huet, fir den Trainer virun d'Dier ze setzen. D'Stëmmung wär vu Woch zu Woch méi schlecht ginn.

De Baumgart hat d'Ekipp am Februar vum Tim Walter op Plaz 3 iwwerholl, well sech d'Cheffen en neien Impuls am Opstigskampf gewënscht haten. Dësen Impuls blouf awer aus an Hamburg war no 34 Spilldeeg op Plaz 4 agelaf, an hat soumat den Opstig op en Neits verpasst.