No der ausseruerdentlecher Versammlung ass et dunn an d'Schwämm op Uewerkuer gaangen, wou d'nationaalt Championnat ugefaangen huet.

E Samschdeg de Moie sinn d'Vertrieder vun 12 Schwammclibb an enger aussergewéinlecher Versammlung zesummekomm, fir en neien Conseil d'Administration ze wielen.

No 10 Joer Presidentschaft huet de Marco Stacciotti Äddi gesot an de neie President Claude Waltzing huet no der Assemblée de Sportstrikot mam Palton gewiesselt.

E Kazesprong vun Konferenzsall ewech gëtt nämlech zu Uewerkuer d'Wanterchampionnat am klenge Basseng iwwert d'Bün. Déi nächst Olympesch Spiller sinn elo schonn am Viséier vun där neier Ekipp.